
A Bulgarien gouf et eng 2:0-Victoire fir ZSKA Sofia mam Lëtzebuerger Defenseur Enes Mahmutovic. De Lëtzebuerger, deen de ganze Match iwwer um Terrain stoung, krut an der 87. Minutt eng giel Kaart. Markéiert fir Sofia géint Cherno More Varna hunn de Mauricio (79') an den Lindseth (90'+4). An der Tabell läit Sofia elo op éischter Plaz, awer just zwee Punkte viru Ludogorez, déi nach ee Match manner hunn.
An der Belsch huet Union St-Gilloise fir de Kont vum drëtte Spilldag an der Championship-Grupp mat 3:0 géint Genk gewonnen. Den Anthony Moris huet mat senger Ekipp elo ee Punkt Retard op de Leader Royal Antwerpen.
Am Wiener-Derby an Éisträich huet de Marvin Martins mat Austria Wien mat 3:1 géint Rapid Wien gewonnen. De Lëtzebuerger stoung déi komplett 90 Minutten um Terrain. An der Championship-Grupp läit Austria Wien elo op der véierter Plaz, dat géing duergoen, fir sech fir d’Qualifikatioun vun der Conference League ze qualifizéieren.
Fir de Kont vum 31. Spilldag an der héchster ungarescher Liga huet den Tim Hall mat Ujpest 0:2 bei Kisvarda verluer. Duerch eng Giel-Rout-Kaart war d’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller vun der 21. Minutt un an Ënnerzuel. De Lëtzebuerger huet de ganze Match gespillt. An der Tabell läit Ujpest op der aachter Plaz.
Um 12. Spilldag an der Eastern Conference an der amerikanescher MLS huet New York City mam Maxime Chanot mat 0:1 géint d’New York Red Bulls verluer. Fir de Lëtzebuerger Nationalspiller a seng Coequipieren ass et schonn déi véiert Néierlag noeneen. De Chanot stoung vun Ufank un um Terrain. An der Tabell ass et aktuell déi 10 Plaz ënner 15 Ekippen.
An der 2. franséischer Liga huet Bastia mat 2:1 géint den FC Chamois Niortais gewonnen. De Florian Bohnert gouf beim Stand vun 1:1 an der 63. Minutt agewiesselt.
Waldhof Mannheim huet doheem géint den Ofstigskandidat Oldenburg mat 1:3 de Kierzere gezunn a keng gutt Leeschtung gewisen. De Laurent Jans huet de ganze Match duerchgespillt. Mannheim kann elo defintiv net méi an déi 2. Liga opsteigen.
An der 1. Bundesliga stoung de Leandro Barreiro bei der 0:3-Néierlag vu Mainz zu Frankfurt net am Kader, well hie wéinst der 5. Gieler Kaart gespaart war. Gladbach huet zu Dortmund mat 2:5 verluer. Den Yvandro Borges war wéinst enger Blessur net am Kader.
A Schweden gouf et eng héich 1:6-Defaite fir Degerfors beim BK Häcken. No 25 Minutte stoung et nach 1:1, mee dono sinn d’Gäscht ausernee gefall. De Seid Korac stoung bei Degerfors de ganze Match um Terrain.
De Lars Gerson huet a Norwegen mat Kongsvinger 0:2 zu KFUM Oslo verluer. Den Ofwierspiller koum de ganze Match an den Asaz.
De Mica Pinto stoung bei der 1:2-Néierlag vu Sparta Rottderdam zu Volendam net am Kader.
Den Dirk Carlson stoung vun Ufank u mat um Terrain an huet och duerchgespillt. Linz ass an der 34. Minutt duerch de Koch a Féierung gaangen. An der Nospillzäit vun der zweeter Hallschent konnt de Ronivaldo nach op 2:0 erhéijen. Domat iwwerhëlt Linz dann och d’Tabelleféierung a verdrängt St. Pölten op Plaz 2.
Den FC Magdeburg huet an der zweeter däitscher Bundesliga géint den 1. FC Nürnberg en 2:2 konnte realiséieren, wouduerch d’Ekipp vum Eldin Dzogovic, deen net am Kader stoung, de Verbleif an der 2. Bundesliga séchere konnt. Si hunn elo no 32 vu 34 Spilldeeg 40 Punkten. Magdeburg war duerch e Selbstgol vum Horn an der 34. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen. De Lohkemper konnt an der 54. Minutt fir Nürnberg ausgläichen. Den Ceka huet an der 68. Magdeburg nees op d’Gewënnerstrooss bruecht, ma an der 81. Minutt war et nees den Ex-Magdeburger Lohkemper, deen den 2:2 geschoss huet. Nürnberg steet op Plaz 15 a muss weider zidderen, iwwerdeem Magdeburg op Plaz 11 iwwernuecht.
De Sebastien Thill stoung bei der 2:1 Victoire vu Rostock géint den SV Sandhausen net am Kader. Rostock war duerch de Fröling an der 17. an de Präger an der 37. Minutt mat enger 2:0 Avance an d’Paus gaangen. De Bachmann konnt an der 54. Minutt den 1:2 fir Sandhausen markéieren. Et sollt awer bei Victoire fir Rostock bleiwen, déi 3 wichteg Punkte géint den Ofstig mat heem huelen.
An der 1. däitscher Bundesliga krut den 1. FC Köln et doheem mam Tabelleleschten Hertha BSC ze dinn. De Mathias Olesen souz de ganze Match iwwer op der Kölner Bänk. Et war a Match mat ville Goler, deen um Enn zu Gonschte vun de Kölner ausgaangen ass.
An der Finall vum King Cup of Champions a Saudi-Arabien koum et zum Duell tëscht Al-Hilal SFC an Al Wehda vum Gerson Rodrigues, deen iwwregens net am Kader stoung. Al Wehda huet laang wéi de Gewënner ausgesinn, ma an der 99. Minutt huet den Al-Bulaihi den 1:1 Ausgläich geschoss, nodeems an der 35. Minutt de Yoda den 1:0 fir Al Wehda geschoss hat. Et koum deemno zu enger Verlängerung. Do hätt den Al Juwayr eigentlech schonn no 6 Minutte fir d’Virentscheedung kënne suergen, zu Gonschte vun Al-Hilal, ma en huet en Eelefmeter verschoss. An der Verlängerung ass kee Gol méi gefall, wouduerch et zum Eelefmeter-Schéisse komm ass. An do gouf et e reegelrechte Krimi. No 5 geschossenen Eelefmeter op béide Säite stoung et 3:3, wouduerch et och hei an d’Verlängerung gaangen ass. Bal all Spiller, deen nach um Terrain stoung huet mussen untrieden. Op Säite vun Al Wehda war et den 9. Eelefmeter, dee vum Al-Ghmadi verschoss gouf. Den Al-Mayouf vun Al-Hilal huet d’Nerve behalen a konnt den decisive Gol schéissen, wouduerch den Al-Hilal SFC de King Cup of Champions gewanne konnt.