HandballfederatiounMaik Handschke Nationaltrainer bei den Hären, Alexandre Scheubel bei den Dammen

RTL Lëtzebuerg
De Maik Handschke wäert fir déi nächst Campagne am Handball Nationaltrainer bei den Häre bleiwen. Bei den Dammen iwwerhëlt den Alexandre Scheubel.
© RTL

D’Handballfederatioun huet e Méindeg am fréien Owend op enger Pressekonferenz matgedeelt, datt den Maik Handschke, deen den Interim iwwerholl hat, fir déi nächst Campagne Nationaltrainer bei den Häre bleift.

De Maik Handschke, den och Directeur Technique National ass, kritt mam Maik Thiele e Co-Trainer op seng Säit.

Bei den Dammen ass den Adrian Stot net méi Nationaltrainer. Den Alexandre Scheubel iwwerhëlt déi Aufgab als neien Dammennationaltrainer. Co-Trainer ass do de Michel Scheuren.

Back to Top
CIM LOGO