
Dat huet de Veräin e Méindeg de Mëtteg matgedeelt. Mainz 05 huet déi lescht 11 Matcher keng Partie gewonnen an ass elo Virleschten an der Tabell.
Den 41 Joer ale Siewert hat eréischt Ufank November als Interimstrainer vum Bo Svensson iwwerholl, nodeems deen zeréckgetruede war. Am Dezember war hien dunn als Cheftrainer ënner Kontrakt geholl ginn.
Um Dënschdeg gouf matgedeelt, dass hie vum Dän Bo Henriksen wäert ersat ginn. Hie kënnt vum FC Zürich a säi Kontrakt leeft elo Mol bis 2026.