Internationale FuttballMainz léisst deziméierte Kölner keng Chance

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich huet iwwerdeems de PSG gewonnen an an Italien gouf et dräi Punkte fir Juventus Turin.
© AFP

An der däitscher Bundesliga war e Freideg den Owend den Optakt vum 11. Spilldag. Mainz a Köln stounge sech hei géintiwwer. Um Enn war et een Owend fir ze vergiesse fir den 1. FC Köln. An Ënnerzuel hat ee beim 0:5 keng Chance zu Mainz. Fir d’Haushären ass et déi éischt Victoire an dëser Saison am eegene Stadion.

Schonn an der 11. Minutt war d’Lokalekipp duerch een Eelefmeter vum Ingvartsen mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 28. Minutt ass dunn op Säite vun de Kölner de Kilian mat Giel-Rout vum Terrain gesat ginn. Bis d’Paus konnt Mainz den Avantage op 3:0 ausbauen. An der 35. Minutt hat de Koch verwandelt an an der 40. Minutt war et de Stach.

No der Paus hunn déi Mainzer nach zweemol nogeluecht, dat duerch den Aron an der 73. Minutt an den Onisiwo an der 83. Minutt. Mat der verdéngter 5:0-Victoire an den dräi Punkten um Enn e gelongenen Owend fir Mainz. De Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro gouf bei den Haushären net agewiesselt. Op Säite vu Köln huet de Mathias Olesen wéinst enger Blessur gefeelt.

An der provisorescher Tabell steet Mainz bis e Samschdeg emol op der drëtter Plaz. Köln steet op der 9.

LINK: Den Iwwerbléck vun der BundesligaAn der italieenescher Serie A huet Juventus Turin den FC Empoli mat 4:0 geklappt. D’Goler hunn de Kean an der 8. Minutt, de McKennie an der 56. an de Rabiot an der 82. an an 4. Minutt vun der Nospillzäit geschoss. Empoli huet sech déi 90 Minutten iwwer gutt géint déi al Damm gewiert an um Enn ass d’Victoire ze héich ausgefall.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie AEng weider Victoire gouf et fir de PSG an der Ligue 1. Beim Ofstigskandidat Ajaccio huet ee sech mat 3:0 behaapt. An der Paus louch de Champion an aktuelle Leader duerch e Gol vum Mbappé mat 1:0 a Féierung. No der Paus huet een dunn eng 10 Minutte viru Schluss de Sak zougemaach. De Messi huet an der 78. Minutt op 2:0 erhéicht an den Mbappé huet an der 82. Minutt mat 3:0 fir d’Schlussresultat gesuergt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1Am portugisesche Championnat war et Freideg den Owend de Spëtzematch tëscht dem FC Porto a Benfica Lissabon. Déi dräi Punkten huet sech Lissabon gekroopt. Duerch e Gol vum Rafa Silva huet een de Match mat 1:0 gewonnen. Porto war duerch eng giel-rout Kaart vum Eustaquio vun der 27. Minutt un an Ënnerzuel. Lissabon huet als Leader elo 6 Punkten Avance op Porto, déi op der 2 stinn.

Back to Top
CIM LOGO