Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMainz verléiert mam Barreiro an Troyes mam Rodrigues

RTL Lëtzebuerg
An der Bundesliga huet Mainz mat 1:2 géint Union Berlin verluer an Troyes war zu Nantes mat 0:2 ënnerleeën.
© AFP (Archiv)

Eng batter Néierlag gouf et e Sonndeg fir Mainz mam Leandro Barreiro. Um 7. Spilldag an der Bundesliga louch ee virun den eegene Spectateuren an der Paus mat 1:0 a Féierung, ma Union Berlin huet bannent véier Minutten de Match gedréint a sech mat 2:1 duerchgesat. D’Goler fir d’Gäscht huet den Ex-Mainzer Awoniyi geschoss. De Barreiro gouf an der 76. Minutt ausgewiesselt.

An Holland huet Sparta Rotterdam beim PSV Eindhoven mat 1:2 de Kierzere gezunn. De Laurent Jans huet bei Rotterdam mat ugefaangen a gouf an der 87. Minutt ausgewiesselt. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller steet aktuell op der Relegatiounsplaz.

Eng Néierlag gouf et dann och fir Troyes mam Gerson Rodrigues an der Ligue 1. Zu Nantes huet ee mat 0:2 de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger Nationalspiller hat wärend der Partie eng Partie Chancen, ma konnt keng dovunner notzen. An der 66. Minutt huet hien déi giel Kaart gesinn an an der 85. Minutt ass en ausgewiesselt ginn. Troyes ass um néngte Spilldag op déi 18. Plaz ofgerëtscht.

De Schwäizer Champion Bern huet e Sonndeg näischt ubrenne gelooss. D’Young Boys mam Christopher Martin hunn den FC Servette mat 6:0 geklappt. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutte laang um Terrain.

A Griichenland waart Kreta weider op déi éischt Victoire an dëser Saison. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller Vahid Selimovic huet mat 1:3 géint PAOK Saloniki de Kierzere gezunn. De Selimovic huet duerchgespillt.

An der 2. Liga a Portugal huet Vilafranquense wichteg Punkte géint een direkten Ofstigskandidat leie gelooss. Duerch e Gol siwe Minutte viru Schluss huet een nëmmen 2:2 gläich gespillt. Domadder bleift een op der Relegatiounsplaz. Den Eric Veiga stoung bei Vilafranquense de ganze Match um Terrain an huet an der 81. Minutt Giel gesinn.

An der MLS an den USA huet New York City 0:0 géint Nashville gespillt. De Maxime Chanot stoung an der Startopstellung.

Samschdeg

Fir den Olivier Thill gouf et e weideren erfollegräichen Owend an der ukrainescher Premier League. Mat sengen zwee Goler zum 2:0 an 3:0 huet hien an de leschte 15 Minutten den Deckel op d’Partie gemaach an déi dräi Punkte géint den FC Inhulets geséchert.

Den Anthony Moris huet säi Gol an der belscher Jupiler Pro league eng weider Kéier fräigehalen. Royal Union Saint-Gilloise huet sech mat 3:0 géint Cercle Bruges duerchgesat a klëmmt domat op d’mannst fir eng Nuecht nees un d’Tabellespëtzt.

An der zweeter englescher Liga gouf et fir Huddersfield am Match géint Luton Town nëmmen ee Punkt. Den Danel Sinani war dobäi vun Ufank un am Asaz, ma och no senger Auswiesslung an der 73. Minutt huet sech um Resultat vun 0:0 näischt geännert.

Den Enes Mahmutovic ass um Samschdeg an der Ukrain net zum Asaz komm. Den FC Lwiw huet sech no 90 Minutte misse mat 0:1 géint Dnipro geschloe ginn.

Nom grousse Succès an der Champions League ass et fir Sheriff Tiraspol mam Sébastien Thill an der moldawescher Liga déi nächst Victoire ginn. An der Partie géint Milsami steet um Enn e knappen 1:0, bei deem de Buteur aus dem Bernabéu 90 Minutten um Terrain war.

Freideg

Pech hat e Freideg den Owend den Dirk Carlson. An der 2. Bundesliga huet de Lëtzebuerger Nationalspiller ee Selbstgol geschoss an domadder eng Victoire vun Aue géint den Hamburger SV verhënnert. Duerch de Selbstgol an der véierter Minutt vun der Nospillzäit ass de Match 1:1 ausgaangen.

Aue war duerch de Jonjic an der 23. Minutt a Féierung gaangen. No der rouder Kaart vum Messeguem an der 69. Minutt huet den HSV 20 Minutte laang an Iwwerzuel gespillt. Am leschten Ugrëff ass de Ball widder d’Lat vun Aue gaangen, ier de Carlson beim Versuch, fir ze klären, dat ronnt Lieder an den eegene Gol gesat huet.

“Ech weess net, ob ech schonn emol sou batter ëm eng Victoire bruecht gi sinn. Den Dirk huet ee staarke Match gemaach. Mir hunn dat net verdéngt, ma duerno freet kee méi”, sou de Verteideger Gonther an engem Interview nom Match. Aue steet weider am Tabellekeller.

An der 3. Liga an Däitschland huet Saarbrécken géint Braunschweig 2:2 gespillt. De Maurice Deville souz bei der Lokalekipp déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.

Back to Top
CIM LOGO