1. FSV Mainz 05Mainzer-Fans wiele Leandro Barreiro zum Spiller vun der Saison

RTL Lëtzebuerg
De Barreiro huet dës Saison 4 Goler geschoss a 4 Virlage gemaach.
© Val Wagner

De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Leandro Barreiro gouf vun de Supporter vu Mainz zum Spiller vun der Saison gewielt. Hie krut 41,3 % vun de Stëmmen.

De Barreiro huet seng bis elo beschte Bundesligasaison mat 4 Goler a 4 Virlage gespillt.

Den 23 Joer ale Lëtzebuerger huet nach ee Kontrakt bis Juni 2024. Bis elo huet weder Mainz, nach de Barreiro, sech dozou geäussert ob hie säi Kontrakt wäert erfëllen respektiv verlängeren oder awer de Veräin fréizäiteg verloossen.

Back to Top
CIM LOGO