Drëtt Hallschent, de Sport-TalkMam alen an neien FLF-President Paul Philipp

RTL Lëtzebuerg
Am Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk" war dës Woch den alen an neien FLF-President Paul Philipp eisen Invité.

Hie gouf e Samschdeg um Kongress vun der FLF fir 4 weider Joer als President vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun erëmgewielt. Den 71 Joer ale Philipp huet sech mat 58,9 Prozent vun de Stëmme géint säin Erausfuerderer Claude Kremer duerchgesat. Mam Paul Philipp ass et ënnert anerem ëm de Walkampf gaangen. Da goufen d‘Schwéierpunkte fir déi nächst 4 Joer ugeschwat. D‘Fro gouf natierlech och opgeworf, ob et dem Paul Philipp seng lescht Mandatsperiod kéint sinn.

Am Podcast “Drëtt Hallschent, de Sport-Talk” war dës Woch den alen an neien FLF-President Paul Philipp eisen Invité.

De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.

Back to Top
CIM LOGO