Zanter 1989 beim RTL dobäiMam Guy Seyler geet an der Sport-Redaktioun ee Virbild, ee Mentor, mä virop ee Kolleeg an d'Reporter-Pensioun

Jeff Kettenmeyer
"Wéi schafft Dir de Weekend?", dat war iwwer Jore méindes d'Fro vum Guy un eis an der Sport-Redaktioun.
© RTL

De Guy Seyler hëlt Reporter-Pensioun / vum Jeff Kettenmeyer

Beim Numm “Guy Seyler” denken déi meescht Leit wuel direkt un de Basket op RTL. Fir eis intern ass et awer wäit iwwert de Basket erausgaangen. Hie war ënner anerem bis haut deen, deen de Sportprogramm preparéiert huet, d’Informatioune vun de Federatioune gesammelt huet, wéi eng Matcher wieren, wie géif geéiert ginn,... soit, d’Basis, op déi mir konnten de Sport opbauen. Also déi Aarbecht, déi wuel am Hannergrond gemaach gëtt, mä ouni déi et vill méi komplizéiert wier, dat herno um Radio oder op der Tëlee eppes gesent gëtt.

Ob an der Organisatioun oder als Reporter, op de Guy war ëmmer verlooss, hien huet sech seele beschwéiert, ëmmer an der Ekipp funktionéiert a sech net kënschtlech opgereegt oder an der Vierdergrond gespillt.

1989 koum hie bei RTL, de Basket huet deemools schonn eng grouss Roll a sengem Liewen gespillt. Spiller, Trainer an du Reporter. Ugangs parallel zu sengem Beruff als Schoulmeeschter a spéider och a senger Pensioun. An à propos Pensioun, déi hellt de Guy dann och elo bei RTL.

Laang gouf et de Guy Seyler op der Antenn an der Kombi mam Jang Mathes. Si waren déi, déi spéitstens mat hirer Emissioun “Rebound” um Radio, dem Basket eng ganz nei Valeur ginn hunn. Deemools huet gefillt jiddereen am Lëtzebuerger Basket gehofft, emol kënnen “de Sproch vun der Woch” ze sinn. Freides owes war ee feste Rendez-vous, deen een net huet dierfe verpassen. Grad esou wéi all déi Live-Matcher um Radio samschdes owes oder d’Coupe- an Championnats-Finallen op der Tëlee. Deen een immens organiséiert, deen aner e bëssen manner. Deen ee mat engem méi dréchnen Humor, deen aner mat sengem onverkennbare Charme a senger Laach. Déi Zwee, déi d’Saach mat Spaass gemaach an ëmmer de Sport am Vierdergrond gelooss hunn.

Ouni de Guy Seyler hätt den nationale Basket mat Sécherheet net dee Stellewäert kritt. deen e viru Joren op sengem Peak hat an deelweis haut nach huet.

Iwwer all déi Joren hat ech d’Chance, e puer Mol kënnen ee Match mam Guy ze kommentéieren a mir e puer Saachen ofzekucken, déi Blumme muss hien elo unhuelen, ob hie wëll oder net. Mam Guy Seyler geet fir eis an der Sportredaktioun, ee Virbild, ee Mentor, mä virop ee Kolleeg a Pensioun. Wéi stoung d’lescht Woch op sengem T-Shirt: “Auch Legenden gehen mal in Rente”. De Guy huet se sech méi wéi verdéngt.

Back to Top
CIM LOGO