
Mam Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer hu mer ënnert anerem iwwert d’Entwécklung vun de Roude Léiwen an de leschte Joren an iwwert déi nächst Europameeschterschaftsqualifikatioun geschwat. Da waren awer och d’Zukunft vum Luc Holtz als eventuellen FLF-President, d’Zukunft vum Oli Thill am A-Kader, d’Potenzial vun enger Rei jonken Talenter an d’Futtballschoul zu Monnerech Sujeten, déi diskutéiert goufen. De Luc Holtz huet awer och seng ganz besonnesch Meenung iwwert déi lescht Futtballweltmeeschterschaft, déi am Katar war.