Red Rock Challenge 2023Mam Mountainbike an zu Fouss beim Duathlon duerch de Minett

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie waren eng 150 Duathleete prett, fir Deeler vun der attraktiver Minettsgéigend ze entdecken.
Cross-Duathlon am Minett
E Samschdeg waren eng 150 Duathlete prett fir Deeler vun der attraktiver Minettsgéigend z’entdecken, combinéiert mat physescher Ustrengung a Sport.

An dat Ganzt combinéiert mat physescher Ustrengung a fir verschiddener mat sportlechen Ambitiounen.

Sief et am Lafen oder um Mountainbike, d’Participanten hu Spuere vun der Vergaangenheet begéint. Dat gëllt besonnesch am Fond de Gras, wou de Wiessel war no 21,2 km Mountainbike op 9,6 km Lafen an erëm zréck op de Vëlo fir déi lescht 18 km zeréckzeleeën.

Fir déijéineg, déi sech entscheet haten, fir an der Ekipp ze starten, war hei e Partnerwiessel ugesot, a fir d’Leefer Gedold hu beim Waarden.

De Yannick Lieners war net esou séier um Mountainbike ënnerwee, wéi een dat vun him gewinnt ass. Dat hat och ee Grond. Hien hat Probleemer mam Material.

D’Sportler hëllefe sech awer géigesäiteg. Vun engem anere Participant krut de Yannick Lieners d’Material, fir de Changement ze reparéieren, deen him ënnerwee Suerge gemaach hat. Eng ronn 40 Minutten hat hien dofir Zäit, wärend säi Kolleeg mam Lafen ënnerwee war.

E Sonndeg steet dann de Mountainbike ouni d’Lafen am Mëttelpunkt, dat an der charmanter Minettsgéigend.

Back to Top
CIM LOGO