Sport-Invitéen um SonndegMam Oli Thill an Enes Mahmutovic, 2 Futtballprofien aus der Ukrain

Franky Hippert
Tom Hoffmann
Dës Woch waren den Oli Thill an den Enes Mahmutovic eis Invitéen an der Sportemissioun um Sonndeg um Radio tëscht 7 an 8 Auer.
Sport-Invitéen: Oli Thill an Enes Mahmutovic
Zesumme mam Vincent Thill sinn d’Futtballprofien de leschte Weekend aus der Ukrain geflücht.

Sport-Invitéen um Radio: Oli Thill an Enes Mahmutovic

Zesumme mam Vincent Thill sinn déi 3 Futtballprofien de leschte Weekend aus der Ukrain geflücht. Eis zwee Invitéen hunn nach emol op déi dramatesch Momenter zeréckgekuckt, wéi si d’Ukrain iwwert déi ungaresch, respektiv iwwert déi polnesch Grenz verlooss hunn.

Zanter dëser Woch trainéieren si nees hei am Land, moies mam FLF-Nationaltrainer Luc Holtz an owes da mam Progrès Nidderkuer, dem Veräin, bei deem den Oli Thill gespillt hat, éiert hie Profi gouf.

Dann ass et awer och ëm d’Zukunft vun deenen 3 gaangen. Am Moment waarde si op d’Decisioun vun der FIFA, wéi et da fir d’Profien, déi e Kontrakt mat engem ukrainesche Veräin hunn, weidergeet. Et gesäit esou aus, wéi wann déi Spiller, déi um Enn vun hirem Kontrakt wären, sech ouni Transfertzomm en neien Veräi kéinte sichen, bei deenen anere kéint et op e Prêt bei en anere Club erauslafen. Am Moment hunn déi 3 Profie vun Poltawa, respektiv vun Lwiw, awer op jiddwerfalls keng Remuneratioun.

Back to Top
CIM LOGO