Tennis fir jiddereenMam Rollstull um Terrain oder de Ball nëmmen héieren

RTL Lëtzebuerg
Den Tennis Spora war deen éischten an ass bis haut deen eenzege Veräin hei am Land, wou Blannentennis a Paratennis gespillt gëtt.
Mam Rollstull um Terrain oder de Ball nëmmen héieren
Den Tennis Spora war deen éischten an ass bis haut deen eenzege Veräin hei am Land, wou Blannentennis a Paratennis gespillt gëtt.

Zanter 2013 schafft d’Charlotte Rodier als Tennistrainerin zu Lëtzebuerg. Viru ronn sechs Joer huet déi gebierteg Franséisin am Tennis Spora ugefaangen an huet domat e Club fonnt, an deem si sech wuel genuch gespiert huet, fir hire Projet ze proposéieren. D’Iddi dofir hat si nämlech scho méi laang am Kapp.

Vun Ufank u gouf dem Charlotte seng Initiativ vum Comité mat Enthusiasmus begréisst a mëttlerweil och vum Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte ënnerstëtzt. Zanterhier sinn zwee Joer vergaangen an de Veräin huet e puer nei Disziplinnen.

Back to Top
CIM LOGO