Sport-Invité um RadioMam Tom Flammang iwwer den Tour des Flandres

RTL Lëtzebuerg
Invité um Sonndeg den Owend an eiser Sportemissioun um Radio war den Tom Flammang.

Mat eisem Commentateur vum Cyclissem hu mer nach emol op d‘Victoire vum Hollänner Mathieu van der Poel beim Tour des Flandres zeréckgekuckt. Ma och d‘Resultater an d‘Leeschtunge vun deene 4 Lëtzebuerger Kevin Geniets, Bob Jungels, Alex Kirsch an Tom Wirtgen goufen analyséiert.

D‘Christine Majerus ass nees eng staark Course bei den Damme gefuer. Mam Vëlosexpert hu mer awer och nach iwwert déi nächst Rendezvouse geschwat. Den nächste Sonndeg ass d‘Amstel Gold Race, duerno da Paris-Roubaix, éier d‘Ardenneklassiker Flèche Wallone a Léck-Baaschtnech-Léck kommen.

Sport-Invité Tom Flammang

Back to Top
CIM LOGO