
De Racing bleift no enger ganz klorer Victoire vun 20:0 géint d’Fola un der Tabellespëtzt.
Am Spëtzematch tëscht Mamer a Jonglënster gouf et eng Victoire fir d‘Lokalekipp. Si huet sech mat 2:1 duerchgesat. Domadder steet Mamer an der Tabell elo op Plaz 2 a Jonglënster op Plaz 3. Rouspert huet iwwerdeems mat 4:0 géint Bartreng gewonnen. D’Entente Wëntger-Wolz ënnerlouch dem WMG mat 1:4.
De Match Beetebuerg géint d’Entente Izeg / CeBra 01 gouf wéinst Corona-Fäll ofgesot.