
De Sané soll e Kontrakt bis 2025 ënnerschriwwen hunn. Den Transfert géif den Däitsche Futtball-Rekordchampion och manner wéi 50 Milliounen Euro kascht hunn.
Den 24 Joer alen däitschen Nationalspiller soll och eng Paie ënnert den am Ufank gefuerderten 20 Milliounen Euro kréien. Den offensive Mëttelfeldspiller géif deemno och net zu den Top-Salariéeën beim FCB gehéieren.