
VfL Bochum - Bayer Leverkusen 0:0
Leverkusen hat zwar méi vum Match, ma richteg Occasioune gouf et awer wéineg. Déi bescht gouf et mam Eelefmeter an der 65. Minutt, deen den Diaby och am Gol ënnerbruecht huet. Hien ass allerdéngs mam Standbeen ewechgerutscht an huet sech selwer ugeschoss, soudatt de Gol net gezielt huet. Duerch de Remis ass Bochum elo 10 Punkte vun der Relegatiounsplaz fort, wärend Leverkusen weider 3. bleift.
Eintracht Frankfurt - SC Freiburg 1:2
0:1 Grifo, 1:1 Kostic, 1:2 Petersen
No der staarker Leeschtung géint Barcelona ënnert der Woch gouf et elo ee Réckschlag fir Frankfurt an der Lutte ëm déi europäesch Plazen. Bei der Ekipp vum Oliver Glasner huet et virun allem un der Chanceverwäertung gefeelt, wärend Freiburg zweemol äiskal zougeschloen huet a weider ëm déi 4. Plaz kämpft.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Brentford - West Ham United 2:0
1:0 Mbeumo (48’), 2:0 Toney (64’)
Manchester City - Liverpool 2:2
1:0 De Bruyne (5’), 1:1 Jota (13’), 2:1 Jesus (36’), 2:2 Mané (46’)
An engem héichklassege Spëtzematch konnten d’"Sky Blues” zweemol a Féierung goen, ma d’Ekipp vum Jürgen Klopp ass zweemol nees zréckkomm. An der 63. Minutt ass dem Sterling säi Gol wéinst enger Abseitspositioun vum VAR oferkannt ginn an an der Schlussphas huet et ausgesinn, wéi wa béid Ekippe mat deem Remis zefridde wieren. D’"Reds” bleiwen domat just ee Punkt hannert der Ekipp vum Pep Guardiola an et kann ee sech nach op spannend 7 Matcher freeën.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
CFC Genua - Lazio Roum 1:4
0:1 Marusic (31’), 0:2 Immobile (45+1’), 0:3 Immobile (63’), 1:3 Patric (68’, Selbstgol), 1:4 Immobile (76’)
SSC Neapel - AC Florenz 2:3
0:1 Gonzalez (29’), 1:1 Mertens (58’), 1:2 Ikoné (66’), 1:3 Cabral (72’), 2:3 Osimhen (84’)
An engem geckege Match muss Neapel sech um Enn 2:3 geschloe ginn an domat ee schwéiere Réckschlag an der Course ëm den Titel verkraaften. Florenz huet d’Chance gutt genotzt a bei Neapel huet et am leschten Drëttel dacks un Tempo gefeelt. Domat kënnen Inter an AC Mailand un der Spëtzt op 3 respektiv 4 Punkten dovun zéien.
US Sassuolo - Atalanta Bergamo 2:1
1:0 Traoré (24’), 2:0 Traoré (61’), 2:1 Muriel (90+3’)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Bordeaux - FC Metz 3:1
0:1 Lamkel Ze (21’), 1:1 Mangas (52’), 2:1 Niang (68’), 3:1 Hwang (88’)
Am Kellerduell léisst Bordeaux Metz keng Chance a spréngt op déi 19. Plaz, wärend Metz mat fënnef Punkte Réckstand op de 17. op déi leschte Plaz eroffält. D’Lokalekipp kann duerch dëse verdéngte Befreiungsschlag den Ofstand zum rettenden Ufer op zwee Punkte verklengeren.
RC Lens - OGC Nice 3:0
1:0 Kalimuendo (51’), 2:0 Doucouré (55’), 3:0 Kalimuendo (67’)
Nice ass trotz enger fréier rouder Kaart fir d’Haushären net effizient genuch, wärend Lens äiskal virum Gol ass a bannent 4 Minutten zwee Goler schéisst. Wärend Lens domat op déi 8. Plaz am Klassement spréngt a weider no uewe kucke kann, ass dës Defaite fir Nice ee Réckschlag am Kampf ëm déi europäesch Plazen.
Stroossbuerg - Olympique Lyon 1:1
1:0 Sissoko (20’), 1:1 Toko Ekambi (90+1’)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Espanyol Barcelona - Celta Vigo 1:0
1:0 Lei Wu (89’)
FC Elche - Real Sociedad 1:2
1:0 Carrillo (3’), 1:1 Sörloth (31’), 1:2 Le Normand (39’)