Internationale FuttballManchester City baut de Virsprong op Liverpool aus

RTL Lëtzebuerg
Donieft kënnt Bayern München net iwwert en 2:2 géint Stuttgart eraus an Metz klappt Lyon mat 3:2.
© AFP

Bundesliga

Eintracht Frankfurt - Borussia Mönchengladbach 1:1
0:1 Pléa (4’), 1:1 Paciencia (65’)

D’Visiteure gi fréi duerch de Pléa a Féierung, ma si verpassen et awer, fir nozeleeën. Frankfurt kënnt doduerch ëmmer besser an de Match a kann an enger zéier Partie duerch de Paciencia den 1:1 markéieren. Fir béid Ekippe geet et an der Liga dës Saison ëm net méi vill.

Bayern München - VfB Stuttgart 2:2
0:1 Tomas (8’), 1:1 Gnabry (35’), 2:1 Müller (44’), 2:2 Kalajdzic (52’)

D’Bayern dominéieren d’Partie, kréien awer um Ufank vun deenen zwou Hallschente Géigegoler geschoss. Fir Stuttgart gëtt den direkten Ofstig duerch dëse Punkt relativ onwarscheinlech, well Bielefeld mat dräi Punkte manner an enger méi schlechter Goldifferenz op der 17. Plaz läit.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Arsenal - Leeds United 2:1
1:0 Nketiah (5’), 2:0 Nketiah (10’), 2:1 Llorente (66’)

Arsenal huet de Match zu all Moment dominéiert a fiert eng héichverdéngte Victoire an, woumat si de Virsprong op Tottenham op 4 Punkten ausbauen a gutt Chancen hunn, fir an der nächster Saison nees Champions League ze spillen. Fir Leeds United gëtt et dogéint ëmmer méi schwiereg, d’Ekipp vum Jesse Marsch steet elo op der 18. Plaz, allerdéngs mat d’selwecht ville Punkte wéi de 17. Burnley.

Leicester City - Everton 1:2
0:1 Mykolenko (6’), 1:1 Daka (11’), 1:2 Holgate (30’)

Everton sammelt weider Punkten am Ofstigskampf a gewënnt och bei Leicester City. Zwar sinn et d’"Foxes”, déi de Match dominéieren, ma d’Ekipp vum Frank Lampard schléit zweemol äiskal zou a schéisst sech sou virleefeg op déi 16. Plaz, dat mat engem Match manner.

Manchester City - Newcastle United 5:0
1:0 Sterling (19'), 2:0 Laporte (38’), 3:0 Rodri (61’), 4:0 Foden (90’), 5:0 Sterling (90+3’)

Manchester City feiert nom Remis vu Liverpool um Samschdeg dräi ganz wichteg Punkten an der Course ëm de Championstitel. D’Ekipp vum Pep Guardiola huet domadder elo ee Virsprong vun dräi Punkten op de Konkurrent aus Liverpool.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Spezia Calcio - Atalanta Bergamo 1:3
0:1 Muriel (16’), 1:1 Verde (30’), 1:2 Djimsiti (73’), 1:3 Pasalic (87’)

Mat dëser héichverdéngter Victoire kann de Veräin aus Bergamo d’Chancen op d’Europa League weider oprechterhalen. Den Ament huet ee mat 59 Punkten déi selwecht Unzuel wéi d’AS Roum op der 6. Plaz, déi awer nach ee Match manner huet.

Venedeg - Bologna 4:3
1:0 Henry (4’), 2:0 Kiyine (19’), 2:1 Orsolini (45+2’), 2:2 Arnautovic (55’), 2:3 Schouten (68’), 3:3 Aramu (78’, Eelefmeter), 4:3 Johnsen (90+3’)

An engem verréckte Match behält um Enn d’Lokalekipp d’Iwwerhand, déi doduerch nach net ofgestige sinn. Mat fënnef Punkte Retard bei nach zwee Spilldeeg dierft dëse Succès awer ze spéit kommen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Metz - Olympique Lyon 3:2
1:0 Pajot, 2:0 Lamkel Zé (40’), 2:1 Dembélé (43’), 2:2 (84’), 3:2 Boulaya (90’)

Metz lant ee ganz wichtege Befreiungsschlag am Ofstigskampf, deen awer scho bal ze spéit kéint kommen. Et sinn elo nach 3 Punkte bis op d’Relegatiounsplaz, wou de Moment Saint-Étienne mat engem Match manner läit. Fir Lyon ginn déi international Plazen no dëser Defaite dogéint ëmmer méi onwarscheinlech.

Lorient - Marseille 0:3
0:1 Dieng (39’), 0:2 Guendouzi (48’), 0:3 Gerson (67’)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Getafe - Rayo Vallecano 0:0

Villarreal - Sevilla 1:1
1:0 Lo Celso (86’), 1:1 Koundé

Villarreal ka spéit a Féierung goen, ma Sevilla bleift bis zum Schluss drun a kann nach ee Punkt mat heem huelen. D’Andalusier hunn doduerch elo ee Retard vu véier Punkten op Barcelona op der zweeter Plaz, wärend Villarreal muss oppassen, net ganz aus den internationale Plazen ze falen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO