Internationale FuttballManchester City feiert de Championstitel no der Defaite vun Arsenal

RTL Lëtzebuerg
Manchester City ass um Samschdeg Champion ginn ouni ze spillen. Duerch d'0:1-Defaite vun Arsenal zu Nottingham kann d'Guardiola-Ekipp net méi ageholl ginn.
© DARREN STAPLES/AFP
Liverpool huet zu Aston Villa just 1:1 gläich gespillt. D’Reds hu quasi keng Chance méi, fir sech fir d’Champions League ze qualifizéieren.

An der Bundesliga ass d’Hertha Berlin um Samschdeg definitiv ofgestigen.

Fir Nantes gëtt et an der Ligue 1 ëmmer méi schwéier, fir den Ofstig ze vermeiden.

Premier League

Nottingham - Arsenal 1:0
1:0 Awoniyi (19')

Nottingham huet an der éischter Hallschent virun eegenem Public alles ginn. Duerch e Gol vum Awoniyi ass d’Lokalekipp fir hiren Asaz belount ginn. Arsenal hat méi vum Match, war virum Gol awer net geféierlech genuch. An der 2. Hallschent sollt näischt méi passéieren. Arsenal huet no der Defaite keng Chance méi fir Meeschter ginn. Manchester City daerf den Titel vun doheem aus feieren.

Tottenham - Brentford 1:3
1:0 Kane (8'), 1:1 Mbeumo (50'), 1:2 Mbeumo (62'), 1:3 Wissa (88')

No der 1:3-Defaite géint Brentford ass Tottenham an der Tabell aus den Top 7 gerëtscht. Dobäi hat d’Partie nom Gol vum Kane an der 8. Minutt richteg gutt ugefaangen. Am Rescht vun der 1. Hallschent war Tottenham iwwerleeën an huet richteg gutt gespillt. Nom Säitewiessel ass fir Brentford den Ausgläich wéi aus dem Näischt gefall. 12 Minutte méi spéit huet den Mbeuma mat sengem zweete Gol de Match komplett gedréint. D’Heemekipp konnt net méi reagéieren an huet kuerz viru Schluss den 3. Gol kasséiert. Brentford däerf op der anerer Säit nach vun den internationale Plazen dreemen. Tottenham kéint déi fir d’éischt zanter der Saison 2009/2010 verpassen.

Liverpool - Aston Villa 1:1
0:1 Ramsey (28'), 1:1 Firmino (89')

Aston Villa huet vun der Defaite vun Tottenham profitéiert, fir op d’Plaz 7 ze sprangen. Déi éischt hallef Stonn war komplett fir d’Gäscht: Fir d’éischt goung dem Watkins säin Eelefmeter net eran, éier de Ramsey den 1:0 markéiert huet. D’Heemekipp huet sech schwéier gedoen a konnt eréischt no der Paus Drock opbauen. Den 1:1 vum Gakpo an der 55. Minutt huet awer wéinst Abseits net gezielt. D’Ofwier vun Aston Villa stoung weiderhi gutt. Dem Firmino ass kuerz viru Schluss awer den 1:1 gelongen. Liverpool huet ee Spilldag just nach theoretesch Chancen, fir sech fir d’Champions League ze qualifizéieren.

Bournemouth - Manchester United 0:1
0:1 Casemiro (9')

Manchester United ass e fréie Gol vum Casemiro duergaangen, fir sech zu Bournemouth duerchzesetzen. No der Féierung huet ManU de Géigner ëmmer nees an d’Spill komme gelooss, d’Heemekipp konnt dovun awer net profitéieren. Duerch de wichtege Succès brauch ManU just nach ee Punkt aus zwee Matcher, fir d’nächst Saison sécher an der Kinneksklass ze spillen. D’Red Devils hunn nach e Nodrosmatch.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Nantes - Montpellier 0:3
0:1 Ferri (38'), 0:2 Nordin (47'), 0:3 Sacko 88')

No der klorer Defaite géint Montpellier bleift Nantes op enger Ofstigsplaz a kritt et ëmmer méi schwéier, fir an der Ligue 1 ze bleiwen. Nantes huet bei engem Match méi weiderhin ee Punkt Réckstand op Auxerre.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO