
Chelsea London - Tottenham Hotspur 2:1
1:0 Giroud (15.’), 2:0 Marcos Alonso (48.’), 2:1 Rüdiger (89.’, Eegegol)
Mat enger Iwwerzeegender Virstellung konnt sech Chelsea gutt op de Match géint Bayern München an der Champions League virbereeden. Mam drëtte Schoss hanerteneen konnt de Giroud de Ball an der 15. Minutt endlech am Gol ënnerbréngen. Kuerz no der Paus konnt d’Heemekipp dann direkt op 2:0 erhéijen. Vun der Strofraumgrenz konnt de Marcos Alonso de Ball mat lénks an de laangen Eck schéissen. Kuerz viru Schluss ass dem Rüdiger nach en Eegegol ënnerlaf mee dësen Uschlossgol sollt ze spéit kommen.
Leicester City - Manchester City 0:1
0:1 Gabriel Jesus (80.’)
Am Spëtzematch vum 27. Spilldag an England ka sech Manchester City knapps mat 1:0 géint Leicester City duerchsetzen an dat duerch e Gol vum Gabriel Jesus an der 80. Minutt. An der 62. Minutt konnt de Schmeichel en Eelefmeter vum Agüero paréieren. Duerch dës Victoire festegt Manchester City seng 2. Plaz an der Tabell viru Leicester.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
SPAL - Juventus Turin 1:2
0:1 Cristiano Ronaldo (39.’), 0:2 Ramsey (60.’), 1:2 Petagna (69.’, Eelefmeter)
A sengem 1000. Match als Profi konnt de Christiano Ronaldo op e Neits markéieren a seng Ekipp zu der nächster Victoire feieren déi allerdéngs knapps mat 2:1 géint SPAL ausgefall ass. An der Tabell bleift Juventus domadder op der 1. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Olympique Marseille - Nantes 1:3
0:1 Limbombe (34.’), 1:1 Sanson (39.’), 1:2 Bama (53.’), 1:3 Alvaro (90.+1.’, Eegegol)
Den Olympique Marseille verléiert iwwerraschend géint Nantes a léisst soumat wichteg Punkte leien a kommen soumat net méi no un de PSG erun. Trotz allem behalen se an der Tabell nach e Virsprong vun 11 Punkten op Rennes, déi allerdéngs nach e Match manner hunn.
LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Barcelona - SD Eibar 5:0
1:0, 2:0, 3:0, 4:0 Messi (14.’, 37.’, 40.’, 88.’), 5:0 Arthur (89.’)
An engem lockere Match huet Barcelona mat 5:0 géint Eibar gewonnen. Den Iwwerragende Spiller bei Barcelona war de Lionel Messi dee Barcelona mat 4 Goler quasi eleng zur Victoire geschoss huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La LigaLINK: Leipzig wënnt kloer mat 5:0 géint Schalke