
Schalke 04 - RB Leipzig 0:5
0:1 Sabitzer (1.’), 0:2 Werner (61.’), 0:3 Halstenberg (68.’), 0:4 Angelino (80.’), 0:5 Forsberg (89.’)
Et huet just 50 Sekonne gedauert wéi schonn den éischte Gol gefall ass. Op 25 Meter huet de Werner de Ball op de Sabitzer eriwwer geluecht, dësen probéiert et direkt mat engem Schoss a konnt domadder de Nübel iwwerwannen woubäi de Schalker Golkipper awer alles anescht wéi gutt ausgesinn huet. Och dono war Leipzig déi besser Ekipp an hätt nach méi héich a Féierung goe missen mee konnten hir weider Chancen net notzen.
No der Paus huet Leipzig weider Drock op de Gol vun de Schalker gemaach a konnten elo och Chancen nees notzen fir Goler ze schéissen. An der 61. Minutt war et de Werner deen ze vill Plaz hat, de Ball no enger Pass vum Nkunku unhuele konnt an an de Gol geschoss huet. Just 7 Minutte méi spéit war de Match mam 3:0 entscheet. E Corner vum Nkunku huet den Halstenberg an de Gol gekäppt. An der 80. Minutt dann esouguer de 4:0 wéi den Angelino de Kenny mat enger Täuschung stoe gelooss huet a mat lénks an de laangen Eck schéisse konnt. Och den agewiesselte Forsberg konnt an der 89. Minutt nach de 5:0 schéissen.
Borussia Mönchengladbach - TSG Hoffenheim 1:1
1:0 Ginter (11.’), 1:1 Lucas Ribeiro (90.+2.’)
An der 11. Minutt konnt Gladbach duerch de Ginter mat 1:0 a Féierung goen. No engem kuerze Korner, koum de Ball vum Plea an d’Mëtt, de Ginter huet de Ball aus 14 Meter op de Gol geschoss an dësen konnt de Baumann net méi paréieren obwuel de zimlech zentral op de Gol koum. Dës Féierung war och verdéngt wëll Gladbach déi besser Chancen an der éischter Halschent hat.
No der Paus hat Gladbach direkt e puer gutt Chancen fir op 2:0 ze stellen. An der 75. Minutt kruten se en emstriddenen Eelefmeter no engem Handspill gepaff woubäi awer net genau ze erkenne war op et weeklech am Strofraum war oder net. Den Eelefmeter vum Plea konnt de Baumann dann awer paréieren a soumat ass et beim 1:0 bliwwen.
Werder Bremen - Borussia Dortmund 0:2
0:1 Zagadou (52.’), 0:2 Haaland (66.’)
An den éischte 45 Minutten hunn déi 2 Ekippen sech haaptsächlech dorobber konzentréiert an der Defense sécher ze stoen. An der Attack ass de béiden Ekippen awer net vill agefall an Dortmund konnt sech och keng spilleresch Virdeeler erspillen.
No der Paus konnt Dortmund sech dann awer endlech Chancen erausspillen an och notzen. An der 52. Minutt konnt de Zagadou de Ball no engem Corner an der Gol schéissen. No 66 Minutten war et dann nees de Phänomen Erling Haaland dee säi nächste Gol am Dortmunder Trikot schéisse konnt. No enger schéiner Kombinatioun a Virlag vum Hakimi huet den Haaland de Ball ganz lässeg an de kuerzen Eck geschoss.
Hertha Berlin - 1. FC Köln 0:5
0:1 Cordoba (4.’), 0:2 Cordoba (22.’), 0:3 Kainz (39.’), 0:4 Kainz (62.’), 0:5 Uth (70.’)
Um Sonndeg trëfft dann nach Leverkusen op Augsburg (15h30) an Wolfsburg kritt et mat der Ekipp vum Leandro Barreiro vu Mainz ze dinn (18h00). Um Méindeg gëtt den 23. Spilldag mam Match tëscht Frankfurt an Union Berlin ofgeschloss (20h30).
LINK: Bayern wënnt 3:2 géint dem Laurent Jans seng Ekipp Paderborn LINK: Manchester City feiert knapps 1:0-Victoire géint Leicester