
Et waren um Samschdeg och awer nees eng Partie Lëtzebuergesch Futtballer ënnerwee. An och an der däitscher Bundesliga gouf gespillt. Bayern verléiert hei iwwerraschend mat 0:1 zu Augsburg.
Wolverhampton Wanderers - Manchester City 0:3
0:1 Grealish (1'), 0:2 Haaland (16'), 0:3 Foden (69')
Nodeems um leschte Weekend wéinst dem Doud vun der Queen kee Futtball an der Premier League gespillt gouf, war City um Samschdeg Mëtteg op Besuch bei de Wolves. An et huet mol keng Minutt gedauert, dunn huet de Grealish no Viraarbecht vum De Bruyne den 1:0 markéiert. D’Skyblues hunn net nogelooss, an an der 20. Minutt war et den Haaland, dee mam 2:0 säin 11. Gol an dëser Saison schéisse konnt. De Foden huet an der zweeter Hallschent den Deckel drop gemaach. City ass elo provisoreschen 1. an der Tabell.
Newcastle United - AFC Bournemouth 1:1
0:1 Billing (62'), 1:1 Isak (67')
Tottenham Hotspur - Leicester City 6:2
0:1 Tielmans (6',p), 1:1 Kane (8'), 2:1 Dier (21'), 2:2 Maddison (41'), 3:2 Bentancur (47'), 4:2 Son Heung-Min (73'), 5:2 Son Heung-Min (84'), 6:2 Son Heung-Min (88')
No enger méi enker éischter Hallschent hunn d’Favoritten an dësem Match nom Pausentéi näischt ubrenne gelooss. Si konnten an dëse 45 Minutten aus engem 2:2 e 6:2 maachen. Opfälleg dobäi den Heung-Min, deen no ronn enger Stonn agewiesselt gouf an a knapp 15 Minutten en Hattrick markéiere konnt. Mat dëser klorer Victoire bleift Tottenham un der Spëtzt drun, Leicester steet weider mat just engem Punkt aus 7 Matcher um Wupp vun der Tabell.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Bologna - FC Empoli 0:1
0:1 Bandinelli (75')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
HSC Montpellier - Racing Stroossbuerg 2:1
1:0 Nordin (17'), 1:1 Diallo (85'), 2:1 Savanier (90+5')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Barcelona - FC Elche 3:0
1:0 Lewandowksi (34'), 2:0 Depay (41'), 3:0 Lewandwoski (48')
Barcelona huet eng souverän 3:0-Victoire géint Elche agefuer. Elche huet sech duerch eng Rout Kaart an der Ufanksphase d’Liewe selwer schwéier gemaach. Dembelé a Co. hunn dominant opgespillt a konnte sech duerch 2 Goler vum Lewandowski an e Gol vum Depay belounen.
FC Valencia - Celta Vigo 3:0
1:0 Castillejo (37'), 2:0 Marcos Andre (82'), 3:0 Almeida (90+3')