BundesligaDortmund gewënnt de Revierderby, Blamage fir Bayern, Gladbach klappt Leipzig

RTL Lëtzebuerg
Augsburg huet Bayern München iwwerraschend mat 1:0 geklappt iwwerdeems de BVB mat 1:0 géint Schalke d'Iwwerhand behält. Frankfurt gewënnt zu Stuttgart.
© AFP

Den Optakt vum 7. Spilldag hu Mainz an Hertha BSC Berlin um Freideg den Owend gemaach. Mainz huet a leschter Sekonn den 1:1-Gläich geschoss. De Leandro Barreiro stoung iwwer 90 Minutten um Terrain. An der Premier League konnt sech um Samschdeg ënnert anerem Manchester City duerchsetzen.

Um Samschdeg ass et dunn ënnert anerem mam Revier-Derby weider gaangen. Dortmund hat Besuch vu Schalke. Dortmund war an der 1. Hallschent déi spillbestëmmend Ekipp. Déi beschte Chance hat de Bellingham an der 33. Minutt, de Schwolow am Schalker Gol konnt säin Kappball awer ofwieren. Mat 0:0 ass et an d’Paus gaangen. Batter fir de BVB ass d’Verletzung vum Marco Reus, deen an der 32. Minutt huet missen ausgewiesselt ginn. Nom Säitewiessel huet den agewiesselte Moukoko an der 79. Minutt fir d’Entscheedung gesuergt. Domat steet den BVB virleefeg bis e Sonndeg op der 1. Plaz an der Tabell.

Fir eng deck Iwwerraschung huet den FC Augsburg gesuergt, déi den däitsche Meeschter vu München doheem mat 1:0 klappen. Bayern hat iwwert de ganze Match genuch Chance e Gol ze markéieren, sinn awer virun allem an der Schlussphase un engem excellent opgeluechtem Gikiewicz hänke bliwwen. De Gol vum Dag huet de Berisha an der 59. Minutt markéiert. Domat huet Bayern zanter 4 Matcher an der Bundesliga net méi gewonnen, an huet géint Augsburg déi 1. Néierlag an dëser Saison kasséiert.

© AFP (ARCHIV)

Leverkusen deet sech no der Victoire ënnert der Woch an der Champions League géint Atlético an der Bundesliga weider schwéier, a kennt net iwwert een 1:1-Gläichspill géint Werder Bremen eraus. Bremen huet des Saison auswäerts nach kee Match verluer.

Stuttgart muss sech doheem mat 1:3 géint Frankfurt geschloe ginn. D’Gäscht sinn duerch de Rode scho fréi a Féierung (6') gaangen. Stuttgart war beméit, huet awer keng Léisung géint eng kompakte Frankfurter Defense fonnt. De Kamada per direkte Fräistouss an den Jakic kuerz viru Schluss hunn fir d’Schlussresultat gesuergt. Den Uschlossgol vum Tiago Tomas ass net duergaangen, Stuttgart bleift domat am Tabellekeller.

Am Match um 18h30 stounge sech dann nach Borussia Mönchengladbach a RB Leipzig géigeniwwer. Direkt no 10 Minutten huet den Hofmann hei d’Heemekipp an den Avantage bruecht an hien huet och nach 10 Minutte virun der Paus op 2:0 erhéicht. An der 53. Minutt huet de Bensebaini no engem Corner, deen u sech scho bal gekläert war, nach kënnen den Avantage op 3:0 setzen. Leipzig hat zwar mat 53 Prozent liicht méi Ballbesëtz, konnt dorausser keen Avantage schloen. Grad och, well Gladbach méi dacks ofgeschloss an och vill méi heefeg op de Gol geschoss huet. De Lëtzebuerger Yvandro Borges Sanches souz bei der Heemekipp de ganze Match iwwer op der Bänk.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO