
Nodeems béid Ekippen am Allersmatch 1:1 gespillt hunn, sollt de Retourmatch ganz anescht verlafen. Real Madrid gouf an der 1. Hallschent vun der Ekipp vum Pep Guardiola quasi iwwerrannt, a louch an der Paus scho mat 0:2 a Réckstand. Um Enn musse sech déi Kinneklech däitlech mat 0:4 zu Manchester geschloe ginn.
Manchester City steet no 2021 domat eréischt fir déi zweete Kéier an der Veräinsgeschicht an der Finall vun der Kinneksklass.
D’Finall, déi den 10. Juni 2023 am Atatürk Stadion zu Istanbul gespillt gëtt, heescht deemno Inter Mailand géint Manchester City.
1:0 Bernardo Silva (23'), 2:0 Bernardo Silva (37'), 3:0 Militao (Selbstgol, 76'), 4:0 Alvarez (90+1')
D’Lokalekipp huet déi 1. Hallschent am Etihad Stadium dominéiert. City huet de Ball an den eegene Reien dréine gelooss iwwerdeems Real Madrid absolut keen Zougrëff fonnt huet. De Rodri hat an der 7. Minutt déi eicht gutt Chance. An der 13. Minutt hätt den Haaland no enger Flank vum Grealish den 1:0 kéinte markéieren, säi Kappball sollt de Courtois awer aus zwee Meter mat engem super Reflex halen. Kuerz dorop eng quasi identesch Aktioun. Dem Halland säi Kappball kann de Courtois inekstremis paréieren.
No 23 Minutte sollt d’Ekipp vum Pep Guardiola sech dunn awer belounen. No enger beandrockender Ufanksphase mat bal 80 % Ballbesëtz kann de Bernardo Silva no enger super Viraarbecht vum de Bruyne dee méi wei verdéngten 1:0 fir d’Cityzens markéieren.
Den éischten an eenzege Schoss op de Gol an deenen éischte 45 Minutte gouf et dunn an der 34'. Den Distanzschoss vum Toni Kroos aus ronn 25 Meter sollt awer just un d’Lat goen. An enger Phase wou en de Uschäin hat dass Real géif an de Match fannen, huet de Bernardo Silva mat sengem zweete Gol eng fulminant 1. Hallschent aus der Siicht vu City gekréint. Mat 2:0 sollt et an d’Paus goen.
An der zweeter Hallschent huet Real Madrid missen eppes weisen, a mindestens 2 Goler schéisse fir nach an d’Verlängerung ze kommen. An der 51. Minutt ass den Alaba per Fräistouss um Ederson hänke bliwwen, mat e bësse Reussite hätt dem Éisträicher säi Schoss och kéinten am Filet landen. Real Madrid war beméit den Drock héich ze halen, wat awer mat sech bruecht huet dass sech an der Defense ëmmer méi Plaz fir City erginn huet.
An déi Räim huet City dann och konnten ausnotzen. Ass den Halland an der 73. Minutt nach um Courtois hänke bliwwen, sollt et 3 Minutte mei spéit awer rabbelen. No engem Fräistouss kennt den Akanji un de Ball, éier de Militao onfräiwëlleg dat ronnt Lieder an den eegene Gol deviéiert huet.
An der Nospillzäit sollt den agewiesselten Alvarez de Schlusspunkt setzen. Manchester City gewënnt mat 4:0 géint Real Madrid a steet domat no 2021 fir eng zweete Kéier an der Finall vun der CL.
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.