Internationale FuttballManchester City steet an der Finall vum FA Cup

RTL Lëtzebuerg
An der Serie A leeft Neapel weiderhi senger Form hannendrun. Well ManCity am FA Cup aktiv war, spréngt Arsenal no der Victoire un d'Tabellespëtzt.
© AFP

Bundesliga

De Resumé vun de Matcher aus der Bundesliga fannt Dir hei.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Halleffinall FA Cup: Manchester City - Chelsea 1:0
1:0 Bernardo Silva (84')

Manchester City steet als éischte Finalist vum FA Cup fest. De Géigner gëtt e Sonndeg tëscht Coventry City a Manchester United ermëttelt.

Chelsea hat ManCity an der éischter Hallschent richteg gutt Paroli gebueden an hat souguer déi besser Golchancen. D’Skyblues konnten hirem Golkipp Ortega Merci soen, dass et mat 0:0 an d’Paus goung. Chelsea huet och no der Paus weider gedréckt, hat awer net méi déi Duerchschlagskraaft. Manchester huet lues a lues zu sengem Spill fonnt a konnt an der 84. Minutt duerch de Bernardo Silva den decisive Gol markéieren.

Wolverhampton - Arsenal 0:2
0:1 Trossard (45'), 0:2 Ödegaard (90'+5)

Et war haart Aarbecht fir Arsenal, mee um Enn steet eng verdéngt Victoire fir d’Gunners. Nom Out an der Champions League ka sech Arsenal komplett op de Kampf ëm d’Meeschterschaft konzentréieren. Kuerz virun der Paus ass der Ekipp vum Mikael Arteta de Gol gelongen, dee laang an der Loft houng. Wolverhampton huet sech awer net verstoppt an hat eng Rei Chancen, déi awer um Potto gelant sinn. Am zweeten Duerchgang war et en oppene Match, well Arsenal de Sak net zougemaach huet, wat eréischt an der Nospillzäit gelénge sollt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Empoli - Neapel 1:0
Cerri (4')

Den amtéierende Champion Neapel leeft senger Form weiderhin hannendrun a verléiert weider den Uschloss un déi international Plazen. Mat 49 Punkte steet Neapel op der 8. Plaz, wat emol net fir d’Qualifikatioun fir d’Conference League géif duergoen. Den FC Empoli par conter sammelt wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Valencia - Betis Sevilla 1:2
0:1 Perez (19'), 1:1 Pepelu (66', Eelefmeter), 1:2 Perez (77')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO