
An der 20. Minutt dann huet de Carvalho dunn den Ausgläich gemaach. Mat deem Resultat ass et dann och an d’Paus gaangen.
Ma nëmmen 2. Minutten nodeems déi 2. Hallschent ugepaff gouf, war et de Mahrez dee fir den 2:1 gesuergt huet an Liverpool nees ënner Drock gesat huet. Nëmmen eng Minutt drop koum dunn och schonn d’Äntwert, dat säitens dem Salah, deen den den 2:2 markéiert.
An der 58. Minutt huet dunn den Ake den 3:2 geschoss, bei deem Score ass et dann och bliwwen, sou dass Manchester City sech d’Victoire séchere konnt.