
De portugisesche Superstar, deen 90 Minutte laang op der Bänk souz, war kuerz virun Enn vum Match an de Katakombe vum Stadion verschwonnen an huet sech de Schluss vum Match net méi ugekuckt. Doropshi gouf et an de Medien natierlech vill Reaktiounen.
Och Manchester United huet elo reagéiert an de Ronaldo, fir de Match géint Chelsea, aus dem Kader gestrach. De Portugis gouf nämlech suspendéiert.