
Union Berlin muss sech doheem iwwerraschend mat 0:1 géint d’Union Saint-Gilloise geschloe ginn. Bei de Gäscht stoung de Lëtzebuerger Anthony Moris am Gol, deen allerdéngs net allze vill gefuerdert ginn ass. An engem Match ouni vill Aktiounen ass der Ekipp aus der Belsch ee Gol vum Lynen no engem Konter an der 39. Minutt duergaangen, fir d’Partie ze entscheeden. Union Berlin ass zwar drubliwwen, richteg zwéngend Geleeënheete konnte si sech awer net erausspillen, soudass si um Enn géint effizient Visiteure verléieren.
Am Grupp A setzt Arsenal sech verdéngt mat 2:1 beim FC Zürich duerch. D’Ekipp aus der englescher Haaptstad huet de Match dominéiert, nom Gol vum Marquinhos allerdéngs ze wéineg aus hiren Occasioune gemaach. Kuerz virun der Paus konnt de Schwäizer Champion dunn duerch een Eelefmeter ausgläichen. An der 62. Minutt huet den Nketiah awer nees op 1:2 gestallt, woubäi et bis zum Schluss sollt bleiwen. Domat iwwerhëlt Arsenal och d’Tabelleféierung am Grupp A.
Eng Iwwerraschung gouf et dunn nach am Grupp C, wou Ludogorez Rasgrad sech géint d’AS Roum duerchgesat huet. Nodeems et der Ekipp vum José Mourinho laang un Effizienz virum Gol gefeelt huet, konnt d’Lokalekipp an der 72. Minutt a Féierung goen. Kuerz viru Schluss huet Roum dunn den Ausgläich fonnt, éier d’Bulgare just zwou Minutten drop duerch den Nonato nees den 2:1 geschoss hunn. Dëst sollt um Enn dann och d’Resultat sinn.
Manchester United verléiert no véier Victoiren um Stéck mat 0:1 géint Real Sociedad. D’"Red Devils” hunn de ganze Match iwwer net vill Méiglechkeete fonnt, fir déi baskesch Defensiv ze knacken. No knapp enger Stonn gouf et dunn en Eelefmeter fir d’Visiteuren, deen de Mendez souverän verwandelt huet. Dono huet d’Lokalekipp zwar ëmmer méi d’Spillkontroll iwwerholl, ma zu wierklech groussen Occasiounen ass si awer net méi komm. Sou muss Manchester United sech am Old Trafford 0:1 geschloe ginn a steet elo nächsten Donneschdeg bei Sheriff Tiraspol ënner Drock.
An der Partie tëscht Freiburg a Qarabag Agdam huet d’Ekipp vum Christian Streich vun Ufank un den Toun uginn an ass schonn no 7 Minutten duerch en Eelefmeter vum Grifo a Féierung gaangen. Kuerz dono huet den Doan du mat enger gelongener Eenzelaktioun nach een dropgesat. An der Suite ass Freiburg méi noléisseg ginn, wat de Vesovic nach virun Enn vun der éischter Hallschent mam 2:1 bestrooft huet. Dono huet Qarabag sech zwar weider an d’Partie gekämpft, huet et awer verpasst, fir nach ee Punkt aus Freiburg matzehuelen.
Laang huet et dono ausgesinn, wéi wann de Roude Stär Belgrad an d’AS Monaco sech d’Punkte géifen deelen. Ronn eng Véierelsstonn viru Schluss war et allerdéngs den Embolo, deen d’Monegasse per Eelefmeter konnt a Féierung schéissen. Un deem Spillstand sollt sech bis zum Enn näischt méi änneren, woumat de Roude Stär sech doheem 0:1 muss geschloe ginn.