
An der Bundesliga konnt ënner anerem Bayern géint Leipzig gewannen wärend Stuttgart net iwwert en 1:1 géint Köln erauskomm ass.
Manchester United - FC Fulham 1:2
0:1 Bassey (65'), 1:1 Maguire (89'), 1:2 Iwobi (90+7')
Nodeems et no enger ausgeglachener éischter Hallschent mat engem gerechten 0:0 an d’Kabinne gaangen ass, konnt de Bassey an der 65. Minutt no engem Corner d’Féierung markéieren. D’Red Devils hunn den Drock dunn erhéicht a sinn am Minuttentakt zu Occasioune komm. Kuerz viru Schluss war et de Maguire, deen de Ball zum Ausgläich just nach huet missen iwwer d’Linn bréngen. D’Lokalekipp huet du weider gedréckt, wat den Iwobi no engem Konter an der Nospillzäit bestrooft huet. Domat verléiert Manchester United fir déi éischt Kéier zanter 2003 doheem géint Fulham an och e wéineg den Uschloss un d’Champions-League-Plazen.
AFC Bournemouth - Manchester City 0:1
0:1 Foden (24')
FC Arsenal - Newcastle United 4:1
1:0 Botman (18', Selbstgol), 2:0 Havertz (24'), 3:0 Saka (65'), 4:0 Kiwior (69'), 4:1 Willock (85')
No der Defaite géint Porto ënnert der Woch hat Arsenal eppes guttzemaachen an huet och ee gudde Start an d’Partie fonnt. No engem Corner huet de Botman de Ball onglécklech hannert déi eege Linn bruecht, ier den Havertz kuerz dono an der Mëtt vergiess gouf a sou op 2:0 stelle konnt. Arsenal huet Newcastle kaum zu Occasioune komme gelooss a war dem drëtte Gol selwer méi no, deen no enger Stonn duerch de Saka fale sollt. Spéitstens mam Kiwior sengem Gol war de Match dunn entscheet, soudass Arsenal a Manchester City um Tabelleleader Liverpool drubleiwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Sassuolo Calcio - FC Empoli 2:3
0:1 Luperto (11'), 1:1 Pinamonti (54', Eelefmeter), 1:2 Niang (64', Eelefmeter), 2:2 Ferrari (77'), 2:3 Bastoni (90+4')
CFC Genoa - Udinese Calcio 2:0
1:0 Retegui (36'), 2:0 Bani (40')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
FC Lorient - FC Nantes 0:1
0:1 Castelletto (49')
RC Strasbourg - Stade Brest 0:3
0:1 Camara (33'), 0:2 Camara (40'), 0:3 Camara (58', Eelefmeter)
Brest huet vun Ufank un dominéiert, soudass den éischte Gol vum Camara no enger hallwer Stonn iwwerfälleg war. D’Lokalekipp ass praktesch just duerch Distanzschëss geféierlech ginn iwwerdeems de Camara dunn och seng nächste Chance genotzt huet. Mam Eelefmeter konnt hie säin Hattrick markéieren an de Match no enger knapper Stonn decidéieren. Brest bleift domat ee weidere Spilldag éischte Verfolger vum PSG, deen allerdéngs mat 10 Punkte méi un der Spëtzt läit.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Barcelona - FC Getafe 4:0
1:0 Raphinha (20'), 2:0 Felix (53'), 3:0 de Jong (61'), 4:0 Fermin (90+1')
Nom 1:1 géint Neapel ënnert der Woch hat Barcelona keng Problemer mat Getafe. D’Katalanen hunn d’Partie vun Ufank un dominéiert a sinn duerch de Raphinha a Féierung gaangen, deen an der Suite weider Chancë leie gelooss huet. No der Paus huet de Felix dunn op 2:0 gestallt, ier den de Jong e puer Minutten drop fir d’Virentscheedung gesuergt huet. An der Nospillzäit huet de Fermin nach op 4:0 erhéicht, woumat Barcelona wéinstens bis e Méindeg op Plaz 2 spréngt.
UD Almeria - Atlético Madrid 2:2
0:1 Correa (2'), 1:1 Romero (27'), 1:2 De Paul (57'), 2:2 Romero (64')
Atlético war vun Ufank un hellwaakreg an ass mat der éischter Chance vum Match a Féierung gaangen. Almeria huet sech allerdéngs net demoraliséiere gelooss an ni enger knapper hallwer Stonn duerch ee schéinen Distanzschoss vum Romero ausgeglach. Mat engem ofgefälschte Schoss huet den De Paul seng d’Favoritten no der Paus nees a Féierung bruecht, ma op en Neits war et de Romero, dee kuerz dono mat engem schéinen Ofschloss egaliséiere konnt. Beim Remis sollt et trotz grousse Chancen op béide Säite kuerz viru Schluss bleiwen, woumat den Tabelleleschten Almeria dës Saison weider ouni Victoire bleift. Atlético Madrid verléiert domat e wéineg den Uschloss zu Barcelona a Girona op de Plazen 2 an 3.