Kee Gewënner tëscht Neapel a Barcelona, Porto klappt Arsenal spéit

© AFP
Neapel huet sech duerch eng engagéiert Schlussphas nach en 1:1-Remis géint Barcelona geséchert. Porto iwwerrascht mat 1:0 géint Arsenal.
E Mëttwoch den Owend waren an der Champions League déi lescht zwee Allersmatcher vun den 1/8-Finallen.
An der éischter Partie vum Owend gouf et zu Neapel en 1:1-Remis fir den FC Barcelona. No enger éischter Hallschent, an där d'Katalanen d'Iwwerhand haten, war et ouni Goler an d'Vestiairë gaangen. Och am zweeten Duerchgang waren d'Gäscht ufanks déi besser Ekipp. No der Féierung duerch de Robert Lewandowski konnt Neapel mat enger gudder Schlussphas awer nach am Numm vum Victor Osimhen e Gläichspill erzwéngen.
Fir Porto ass et dann eng spéit 1:0-Victoire géint Arsenal ginn. An den éischte 45 Minutten haten d'Gunners zwar kloer méi Ballbesëtz, déi bescht Chance op d'Féierung hat allerdéngs d'Lokalekipp. Och an der zweeter Hallschent konnt Arsenal keng Léisung fannen. Fir d'Iwwerraschung huet dann nach de Galeno an der Nospillzäit gesuergt. Mat engem Dram-Gol an der 94. Minutt huet de Brasilianer de Match entscheet.
Neapel - Barcelona 1:1
0:1 Lewandowski (60'), 1:1 Osimhen
Am ausverkaafte Stadio Diego Armando Maradona hunn d'Gäscht aus Barcelona déi éischt Minutte vum Match bestëmmt. D'Katalanen haten de Ball ënner Kontroll an hunn domat probéiert hiert Spill opzebauen. Sou huet et och net all ze laang gedauert bis et déi éischt Golchancë gi sinn. Déi bescht Méiglechkeet op d'Féierung gouf et no ronn zwanzeg Minutten. De Joao Cancelo konnt hei mat vill Tempo vun der lénker Säit an d'Mëtt zéien an de Ball op de relativ fräie Robert Lewandowski bréngen. Deem säi Schoss aus kuerzer Distanz konnt den Alex Meret awer mat enger gudder Reaktioun paréieren. Op de Golkipp vun den Neapolitaner war net nëmmen an dëser Situatioun, ma och am ganze Rescht vun der éischter Hallschent verlooss. Ëmmer nees huet hien d'Féierung fir Barcelona verhënnert, déi mëttlerweil verdéngt gewiescht wier. Neapel selwer huet et zwar vereenzelt ëmmer nees mat offensive Virstéiss probéiert, eng richteg Golchance ass dobäi awer net zestane komm. Ouni Goler ass et sou no 45 Minutten an d'Paus gaangen.
Nom Säitewiessel huet sech um Spillverlaf net all ze vill geännert. D'Gäscht hu vill probéiert an Neapel huet et net sou richteg hikrut sech entscheedend um Match ze bedeelegen. No 60 Minutten hu sech déi katalanesch Beméiungen dann awer belount gemaach. No enger Pass vum Pedri op de fräi stoende Robert Lewandowski konnt de polneschen Nationalspiller mat engem flaache Schoss ofschléissen an domat op 1:0 stellen.
A Réckstand huet elo op ee Mol och Neapel ugefaange méi aktiv de Wee no vir ze sichen. Den Tempo gouf erhéicht an dat huet sech no e puer Minutten och scho bezuelt gemaach. No enger Pass vum Zambo Anguissa konnt de Victor Osimhen sech géint säi Géigespiller duerchsetzen a virum Golkipp d'Nerve behalen. Mat engem präzise Schoss huet den Nigerianer eng véierel Stonn viru Schluss op 1:1 ausgeglach.
Mat méi Confiance an och den eegene Spectateuren am Réck ass et sou an d'Schlussphas gaangen, an där ee weidere Gol vun der Lokalekipp ëmmer méi an der Loft louch. Barcelona huet sech elo nervös gewisen a méi dacks de Ball am Spillopbau verluer. Um Enn sollt sech allerdéngs um Spillstand vun 1:1 näischt méi änneren a sou bleift fir de Retourmatch zu Barcelona alles oppen.
Porto - Arsenal 1:0
1:0 Galeno (90+4')
Déi immens formstaark Gunners hu sech an der Ufanksphas direkt an der géignerescher Hallschent festgesat. De Ball ass quasi just duerch d'Reie vun Arsenal gelaf, ouni dobäi awer wierklech geféierlech de Wee virun de Gol ze fannen. Porto stoung hannen immens kompakt an huet mat enger disziplinéierter Defensivaarbecht näischt zougelooss. D'Partie huet sech deemno zum gréissten Deel tëscht deenen zwee Strofraim ofgespillt. Déi bescht Chance op den 1:0 gouf et dann no gutt 20 Minutten, ma de Schoss vum Galeno huet aus e puer Meter nëmmen de Potto getraff. Och mam Noschoss konnt hien de Ball net am Gol ënnerbréngen. Fir déi dominant Gunners, déi allerdéngs näischt wierklech mam Ball unzefänke wossten, ass et ouni Gol an d'Paus gaangen.
Identesch wéi virdrun huet och déi zweet Hallschent nees ugefaangen. Arsenal am Ballbesëtz, Porto an der Defense. De Gäscht huet et weider u Kreativitéit am offensive Spill gefeelt, fir eng Léisung ze fannen. D'Haushäre sinn och scho wéi an der éischter Hallschent vereenzelt no vir komm an dat sollt um Enn och den Ënnerscheed maachen. Wéi alles schonn no engem Remis ausgesinn huet, huet sech de Galeno aus ronn 25 Meter en Häerz geholl an dem Golkipp mat engem Schoss an de rietsen Eck keng Chance gelooss. Domat geet Porto mat engem klenge Virdeel an de Retourmatch zu London.
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater vun der Champions League ze kommen.