
An den anere Ligen huet ënner anerem Manchester United géint Fulham verluer, wärend Barcelona keng Problemer mat Getafe hat.
Am Spëtzematch vum Spilldag séchert de Kane Bayern München beim 2:1 d’Victoire géint RB Leipzig. An der éischter Partie nom ugekënnegten Aus vum Thomas Tuchel no der Saison hunn d’Bayern e bësse gebraucht fir an de Match ze fannen. No an no ass d’Lokalekipp du méi dominant ginn an hat nach virun der Paus eng Rei Occasiounen, déi si awer net notze konnt. RB Leipzig ass méi geféierlech aus de Kabinne komm, ma de Kane huet mam 1:0 no 56 Minutten déi perfekt Äntwert fonnt. E puer Minutten drop hat de Sesko déi grouss Chance op den Ausgläich, ma den Neuer konnt paréieren. An der 70. Minutt war et dunn de Sesko, deen ausgeglach huet nodeems säi Schoss onhaltbar ofgefälscht gouf. An der Schlussphas hunn d’Bayern offensiv gewiesselt an op d’Féierung gedréckt. Op en Neits duerch de Kane ass de Lucky Punch der Lokalekipp dunn an der Nospillzäit och gegléckt, woumat een d’Serie un Defaite stoppt a Leverkusen net weider dovun zéie léisst. Leipzig muss iwwerdeems oppasse fir den Uschloss un déi éischt véier Plazen net ze verléieren.
Stuttgart ass géint Köln net iwwert en 1:1 erauskomm a verpasst et domat, fir Drock op d’Bayern auszeüben. Wéi ze erwaarden huet d’Stuttgart d’Spillkontroll iwwerholl, ma Köln stoung kompakt an huet no enger wackeleger Ufanksphas net méi vill zougelooss. Am zweeten Duerchgang sollt et weider ee Match mat wéinege geféierlechen Aktioune ginn, ma no enger schéiner Kombinatioun an der 53. Minutt huet de Millot seng Faarwen a Féierung bruecht. D’Kölner Äntwert huet awer net laang op sech waarde gelooss an de Martel konnt knapp 10 Minutten drop egaliséieren, nodeems hie bei enger Flank vergiess gi war. An der Suite hate béid Formatioune Chancen op den decisive Gol, um Enn sollt et awer beim 1:1 bleiwen, soudass Köln um Sonndeg den Uschloss u Plaz 15 komplett verléiere kéint.
Borussia Mönchengladbach ass mam 5:2 géint Bochum ee ganz wichtege Befreiungsschlag gelongen. Nodeems ee fréie Bochumer Gol oferkannt gouf ass Mönchengladbach besser an de Match komm a konnt no 29 Minutten duerch ee Selbstgol vum Gamboa a Féierung goen. Kuerz drop war et de Weigl, dee beim Eelefmeter d’Nerve behal huet an op 2:0 stelle konnt. An der zweeter Hallschent ass d’Partie méi ausgeglach ginn, ronn 20 Minutten viru Schluss huet de Reitz awer per Kapp den 3:0 markéiert. An enger geckeger Schlussphas sollten d’Spectateuren dunn nach véier weider Goler gebuede kréien, et ass awer zu kengem Moment méi richteg spannend ginn. D’Gladbacher sprangen domat tëschenzäitlech op Plaz 11 an hunn elo genau souvill Punkten wéi Bochum op der 13. Plaz.
Bremen ass doheem net iwwert en 1:1 géint Darmstadt erauskomm. Schonn no 8 Minutten huet den Zimmermann eng Bremer Flank an den eegene Gol gelenkt a sou fir d’Féierung vun der Lokalekipp gesuergt. Darmstadt huet sech awer vum fréie Réckstand net beandrockt gewisen a war déi méi geféierlech Ekipp, soudass de Justvan no enger hallwer Stonn ausgeglach huet. Bremen ass besser aus der Paus komm an hat e puer Occasiounen op d’Féierung, huet déi awer ongenotzt gelooss. Um Enn hu béid Ekippen op den zweete Gol gedréckt an et huet sou ausgesinn, wéi wann Darmstadt de Lucky Punch no engem Feeler vum Bremer Golkipp Zetterer gegléckt wier, ma dem Skarke säi Gol an der Nospillzäit gouf awer wéinst Handspill zréckgeholl. Domat bleift Darmstadt Tabelleleschten, wärend Bremen bis e Sonndeg op Plaz 7 bleift.
Union Berlin an Heidenheim hu sech an engem intensive Match verdéngt mat 2:2 getrennt.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.