
D’Resultater an de Resumé vun de Matcher aus der Bundesliga fannt Dir hei.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Bournemouth - Chelsea 1:3
0:1 Gallagher (9'), 1:1 Vina (21'), 1:2 Badiashile (82'), 1:3 Joao Felix (86')
Nodeems Bournemouth fréi a Réckstand gerode war, koume si staark zeréck. Chelsea war bis zur Paus zwar optesch iwwerleeën, konnt awer kee Kapital aus der Iwwerleeënheet schloen. An der zweeter Hallschent war net vill lass viru béide Goler an Chelsea huet seng Iwwerleeënheet eréischt kuerz viru Schluss mat zwee séiere Goler genotzt. Chelsea steet weiderhin am Mëttelfeld vun der Tabell, wärend Bournemouth nach net definitiv gerett ass.
Manchester City - Leeds 2:1
1:0 Gündogan (19'), 2:0 Gündogan (27'), 2:1 Rodrigo (85')
Manchester City huet e wichtege Schratt Richtung néngt Meeschterschaft gemaach. D’Sky Blues waren no enger chancenaarmer Ufanksphas duerch zwee séier Goler vum Kapitän Gündogan a Féierung gaangen an hätten zur Paus och scho méi héich féiere kënnen. An der 84. Minutt huet de Gündogan et verpasst, säin drëtte Gol vum Dag ze schéissen an huet en Eelefmeter verschoss. Am Uschloss huet Leeds ënnert dem neien Trainer Sam Allardyce nach den Uschloss markéiert an hunn de Match nach eng Kéier spannend gemaach.
Tottenham - Crystal Palace 1:0
1:0 Kane (45'+1)
Den Harry Kane hält Tottenham op Europa-League-Cours. An engem Match ouni vill Golzeenen huet de Kapitän seng Ekipp nach virun der Paus per Kappball a Féierung geschoss. An der zweeter Hallschent haten d’Spurs nach e puer Chancen op den 2:0, mee si sollte keng dovun notzen. Vu Crystal Palace war net vill Géigewier komm.
Liverpool - Brentford 1:0
1:0 Salah (13')
Liverpool hält sech d’Chance op d’Champions League op. De Mohamed Salah huet mat sengem 100. Gol un der Anfield Road fréi den decisive Gol vum Match geschoss, an och duerno haten d’Reds eng Partie Chancen, fir ze erhéijen. Mee och Brentford ass zu Chancë komm a war no um Ausgläich. An der zweeter Hallschent hat Liverpool weider Méiglechkeeten op den 2:0, mee huet seng Chancë leie gelooss oder ass um Golkipp hänke bliwwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AC Mailand - Lazio Roum 2:0
1:0 Bennacer (17'), 2:0 Theo Hernandez (29')
D’Qualifikatioun fir d’Champions League ass nach ëmmer dra fir den AC Mailand. Duerch d’Victoire géint den direkte Konkurrent Lazio. Milan war duerch e Konter no engem Feeler am Opbauspill vu Lazio a Féierung gaangen. Dem 2:0 war e Solo vum Theo Hernandez iwwer de ganzen Terrain virausgaangen, deen hie virun sengem eegene 16 Meter gestart hat. Lazio koum de ganze Match iwwer net zur Geltung an d’Rossoneri konnten domat Ressourcë fir den Derby géint Inter spueren.
AS Roum - Inter Mailand 0:2
0:1 Dimarco (33'), 0:2 Lukaku (74')
Och Inter Mailand huet sech géint en direkte Konkurrent ëm d’Champions-League-Plazen duerchgesat. Et war awer d’AS Roum, déi de bessere Start erwëscht hat an no knapp 120 Sekonnen eng éischt Kéier op de Gol geschoss huet. Inter hat zwar net vill vum Match, konnt awer no enger flotter Kombinatioun a Féierung goen. Roum war viru wéi no der Paus beméit, konnt sech awer net belounen. Nom zweete Gol duerch de Lukaku, deen no enger Feelpass vum Réimesche Verteideger gefall ass, war de Match decidéiert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Reims - Lille 1:0
1:0 Munetsi (21')
Den OSC Lille verléiert iwwerraschend géint Reims a verléiert domat wichteg Punkten am Kampf ëm d’Europa-League-Plaz. Monaco kann e Sonndeg dovu profitéieren an op fënnef Punkten ewechzéien. Fir Reims geet et an dëser Saison ëm näischt méi.
Lens - Marseille 2:1
1:0 Fofana (42'), 2:0 Openda (60'), 2:1 Payet (88')
D’Iwwerraschungsekipp Lens ass no der Victoire am Spëtzematch géint Marseille elo éischte Verfolger vum PSG. Olympique Marseille war zwar besser an de Match komm an hat och e Gol markéiert, dee awer wéinst engem Foulspill oferkannt gouf. D’Ekipp aus Nordfrankräich goung kuerz virun der Paus duerch en Distanzschoss vum Kapitän Fofana a Féierung a konnt no der Säitewiessel ee weidere Gol dropsetzen. Marseille hat wuel eng Rei Chancen, konnt awer just eng dovun duerch de Payet notzen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1