Internationale FuttballManCity wënnt duerch Last-Minute-Gol vum Haaland

RTL Lëtzebuerg
Duerch e spéide Gol vum Norweger konnt sech Manchester City mat 2:1 géint Fulham duerchsetzen.
© AFP

E Samschdeg gouf et an der Premier League nieft der wichteger Victoire fir Manchester City och nach dräi Punkte fir Brighton & Hove Albion. A Spuenien sinn et beim 0:0 tëscht Getafe a Cadiz iwwerdeems dräi Rout Kaarte ginn.

Um 13. Spilldag an der Bundesliga konnte sech ënnert anerem Bayern, Dortmund a Leipzig duerchsetzen.

An der drëtter däitscher Liga konnt de Laurent Jans säin éischte Gol fir Waldhof Mannheim schéissen.

Premier League

Manchester City - Fulham 2:1
1:0 Alvarez (16'), 1:1 Pereira (28'), 2:1 Haaland (90+5')

Manchester City huet sech virun den eegene Spectateuren eng wichteg Last-Minute-Victoire geséchert. Kuerz no der Féierung an der 16. Minutt ass et fir d’Citizens nëmmen nach zu 10 weidergaangen, dat nodeems de Cancelo mat der Rout vum Terrain geflunn ass. Duerch den Ausgläich vum Pereira waren d’Haushäre gefuerdert fir déi dräi Punkten an Ënnerzuel Doheem ze halen. Mat der leschter Aktioun vum Match huet den Haaland dann awer eng weider Kéier getraff an de Match domat entscheet.

Wolves - Brighton & Hove Albion 2:3
0:1 Lallana (10'), 1:1 Guedes (12'), 2:1 Neves (35'), 2:2 Mitoma, 2:3 Gross (83')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Empoli - Sassuolo 1:0
1:0 Baldanzi (64')

Atalanta - Neapel 1:2
1:0 Lookman (19'), 1:1 Osimhen (23'), 1:2 Elmas (35')

Neapel huet sech zu Bergamo trotz engem Réckstand mat 2:1 duerchgesat. An der 19. Minutt war et de Lookman, deen Atalanta a Féierung bruecht huet. Dat huet de Gaascht awer net aus der Bunn geheit a sou stoung et scho gutt 15 Minutte méi spéit no de Goler vum Osimhen an Elmas 2:1 aus der Siicht vun Neapel. Mat dësem Spillstand ass de Match no 90 Minutten dann och op en Enn gaangen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

AC Ajaccio - Stroossbuerg 4:2
0:1 Bellegarde (6'), 0:2 Gameiro (17'), 1:2 Belaili (33'), 2:2 El Idrissy (34'), 3:2 Belaili (40'), 4:2 Nouri (45+3')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Getafe - Cadiz 0:0

Celta Vigo - Osasuna 1:2
0:1 Avila (8'), 1:1 Aspas (19'), 1:2 Avila (28')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO