
Am Tennis gouf d’Mandy Minella e Freideg den Owend beim ITF-Tennis-Tournoi zu Péiteng eliminéiert. D’Lëtzebuergerin huet sech missen an zwee Sätz mat 6:7 a 4:6 géint d’Franséisin Oceane Dodin geschloe ginn. D’Spillerin aus Frankräich ass beim Tournoi op 1 gesat.