
D’Lëtzebuerger Nummer 1 huet sech an 3 Sätz mat 3:6, 6:2 a 6:1 géint d’Kathinka von Deichmann aus Liechtenstein duerchgesat a steet domat an der Véierelsfinall. Do muss si elo géint d’Océane Dodin untrieden, déi beim Tournoi zu Péiteng op 1 gesat ass. Dëse Match gëtt e Freideg den Owend um fréistens 18.30 Auer gespillt.
Am Dubbel gouf d’Eleonora Molinaro mat hirer Partnerin Sada Nahimana an de Véierelsfinallen eliminéiert. Si hunn en Donneschdeg géint d’Koppel Kubareva / Prisacariu de Kierzere gezunn.