
Manchester United - Manchester City 2:1
0:1 Grealish (60'), 1:1 Bruno Fernandes (80'), 2:1 Rashford (82')
An der éischter Hallschent war et eng zimmlech duerchwuesse Partie mat wéineg Golchancen op béide Säiten. D’Skyblues goungen an der 60. Minutt a Féierung, well si no der Paus méi fir de Match gemaach hunn an d’Red Devils gutt am Grëff haten. Beim Ausgläich gouf et Diskussiounen iwwer eng aktiv oder inaktiv Abseitspositioun vum Marcus Rashford, deen de Ball dem Bruno Fernandes iwwerlooss hat, mee den Arbitter huet de Gol schlussendlech gëlle gelooss. Kuerz drop huet de Marcus Rashford fir ManU den decisive Gol markéiert. Wärend ManU op ee Punkt un de Lokalrival erukënnt, verléiert Manchester City den Uschloss un den Tabelleleader Arsenal.
Brighton - Liverpool 3:0
1:0 March (47'), 2:0 March (53'), 3:0 Welbeck (82')
Brighton huet vun Ufank un de Kommando iwwerholl, grouss Golchancë sinn awer ausbliwwen. Kuerz virun der Paus huet d’Heemekipp en Eelefmeter zougesprach kritt, deen awer vum VAR oferkannt gouf. Nom Säitewiessel huet de March bannent sechs Minutten zwee Goler fir seng Faarwe markéiert. Liverpool huet awer och nom Réckstand net an de Match fonnt an och d’Spillerwiessel hunn näischt bruecht. Kuerz viru Schluss huet den Danny Welbeck den Deckel drop gemaach. Fir d’Reds ass et déi drëtt Néierlag hannerteneen a si leien elo hannert Brighton op Plaz Aacht.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Lecce - AC Mailand 2:2
1:0 Hernandez (3', Eegegol), 2:0 Baschirotto (23'), 2:1 Rafael Leao (58'), 2:2 Calabria (70')
D’Rossoneri ware ganz schlecht an de Match komm. No engem Eegegol vu Milan konnt Lecce nach virun der Paus op 2:0 erhéijen an hat gutt Chancen op e weidere Gol. No der Paus huet Milan dunn awer e Comeback gestart a konnt duerch de Rafael Leao nees erukommen an e puer Minutte méi spéit ausgläichen. Um Enn konnt de Meeschter vun der leschter Saison frou sinn, dass si net nach mat 3:2 verléieren. Mam Gläichspill géint Lecce verléiert Milan weider wichteg Punkten an och den Uschloss un Neapel, déi um Freideg Juventus Turin mat 5:1 heemgeschéckt hunn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Lens - Auxerre 1:0
1:0 Frankowski (59', Eelefmeter)
Den RC Lens bleift weider um PSG drun, profitéiert am Match géint Auxerre awer vun engem Eelefmeter, dee Lens duerch de VAR zougesprach gouf, fir den decisive Gol ze schéissen. D’Lokalekipp hat en plus duerch eng giel-rout Kaart op der Säit vun de Gäscht nach méi Plaz, fir de Match iwwer d’Ronnen ze kréien. Ausser dem Eelefmeter gouf et op kenger Säit nennenswäert Golchancen ze verzeechnen.
Marseille - Lorient 3:1
0:1 Moffi (29'), 1:1 Kolasinac (38'), 2:1 Sanchez (53'), 3:1 Veretout (59')
Marseille huet dem Tabellefënnefte Lorient keng Chance gelooss. Och wann d’Gäscht den éischte Gol geschoss hunn, war et Marseille, dat méi vum Match hat. Sou konnt d’Heemekipp nach virun der Paus den Ausgläich markéieren an no der Paus duerch zwee Goler bannent kuerzer Zäit de Match zu hire Gonschten dréinen. An der Tabell bleift Marseille Drëtten hanner Lens mat 15 Punkte Retard op PSG.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1