Europa LeagueManUnited eliminéiert Barcelona, och Union Berlin an den 1/8-Finallen

RTL Lëtzebuerg
Manchester United dréint d'Partie a séchert sech mat engem 2:1 am Retourmatch den Ticket fir d'K.O.-Phas. Fir Union gouf et doheem en 3:1-Succès.
© AFP

En Donneschdeg den Owend stoungen an der Europa League d’Retourmatcher vun de Play-Offs fir d’K.O.-Ronnen um Programm.

Manchester United steet no engem 2:1 géint den FC Barcelona an den Aachtelsfinalle vun der Europa League. Duerch den 2:2-Remis am Allersmatch war fir de Retourmatch am Old Trafford nach fir béid Ekippen alles op. No enger Ufanksphas mat vill Tempo gouf et no 18 Minutten en Eelefmeter fir d’Katalanen, deen de Lewandowski sécher am Gol ënnerbrénge konnt. De spueneschen Tabelleleader stoung am weidere Spillverlaf gutt an huet mat enger konzentréierter defensiver Aarbecht d’Loft aus dem Spill vu Manchester geholl. No der Paus huet sech dat allerdéngs geännert. De Gol vum Fred an der 47. Minutt huet d’Red Devils rëm voll an d’Partie bruecht an de Momentum op hir Säit gezunn. Barcelona konnt zwar ëmmer nees gutt dergéinthalen, de Gol vum Antony an der 73. Minutt war awer net ze verhënneren. Um Enn séchert sech Manchester mat enger gudder Leeschtung an der zweeter Hallschent den Ticket fir d’K.O.-Phas.

Am Duell tëscht Union an Ajax hat d’Ekipp aus Berlin mat engem 3:1-Succès un der Alten Försterei um Enn d’Iwwerhand. Duerch en Eelefmeter vum Knoche an engem Gol vum Juranovic ass et fir d’Unioner mat enger 2:0-Féierung an d’Paus gaangen. Ajax war zwar och gutt am Match dran, konnt sech am éischten Duerchgang awer net virum géigneresche Gol belounen. Kuerz nom Säitewiessel konnte si dann zwar op 1:2 verkierzen, ma nëmmen dräi Minutte méi spéit louch d’Lokalekipp rëm mat zwee Goler a Féierung. Bis zum Schluss hat Union ëmmer rëm d’Chance den Deckel scho fréizäiteg dropzemaachen. Vun Ajax ass awer och net vill am Géigenzuch komm a sou ass et um Enn beim 3:1 bliwwen.

Dann huet Leverkusen sech am Eelefmeterschéisse mat 5:3 behaapt an domat den AS Monaco eliminéiert. No der 2:1-Victoire vun de Monegassen am Allersmatch ass et mat engem 3:2 fir d’Werkself en Donneschdeg den Owend an d’Verlängerung gaangen. Well och do kee Gewënner ermëttelt konnt ginn, ass et fir d’Ekippen am Stade Louis II un den Eelefmeterpunkt gaangen. No engem Schoss op d’Lat vum Eliot Matazo huet den Diaby beim decisiven Eelefmeter Nerve bewisen a seng Ekipp an déi nächst Ronn geschoss.

Nom 1:1 am Allersmatch huet sech dann nach de Sporting mat enger klorer 4:0-Victoire am Retourmatch géint Midtjylland fir d’K.O.-Phas qualifizéiert.

Trotz engem 2:0-Succès ass de PSV eliminéiert. Am Duell géint den FC Sevilla konnt d’Ekipp vun Eindhoven de Réckstand vun dräi Goler aus dem Allersmatch net mat Zäiten ophuelen a muss sech um Enn geschloe ginn.

An de weidere Play-Off-Dueller vum Owend huet Juventus den FC Nantes mat enger 3:0-Victoire eliminéiert, fir Salzburg geet et no engem 0:2 auswäerts géint den AS Roum net an der Europa League weider a Shakthar Donezk huet sech am Eelefmeterschéisse mat 5:4 géint Stade Rennes behaapt.

D’Partië vun den Aachtelsfinalle gi schonn dëse Freideg um 13.00 Auer ausgeloust.

Déi komplett Resultater

Back to Top
CIM LOGO