
Mat engem Virsprong vu fënnef Sekonnen ass d’Mara Krombach e Samschdeg als Éischt op der Arrivée ukomm a konnt sech domat d’Victoire op der Jugend-Europameeschterschaft am Triathlon sécheren.
D’Gwen Nothum, dat als zweet Lëtzebuergerin 27. gouf, huet dem Mara Krombach virun allem um Vëlo gehollef op eng gutt Positioun ze kommen an um Enn d’Lëtzebuerger Victoire perfekt ze maachen.