
Den Ament ass a punkto Trainer vill Beweegung am Lëtzebuerger Futtball.
Ënnert anerem Rouspert brauch fir déi nei Saison en neien Trainer, well jo de Pedro Resende op Hamm gewiesselt ass.
Ee Kandidat ass do de Marc Thomé, dee jo nach bis viru Kuerzem op der Jeunesse Bänk souz.
RTL géintiwwer huet de Marc Thomé confirméiert, datt et Gespréicher gëtt, et allerdéngs och verschidde Konditioune géife ginn, ënnert anerem datt Rouspert an der BGL Ligue bleift.
Den Thomé sot awer och, datt en Engagement an der aktueller Saison net a Fro kënnt.
Deemno géifen d'Gespréicher drëms goen, fir am Summer z‘iwwerhuelen.