
De Weltmeeschter Marco Odermatt ass am Riiseslalom aktuell net ze schloen. De Schwäizer ka sech zu Alta Badia an Italien mat enger Zäit vun 1:14:83 d’Victoire virum Filip Zubcic (+0.31 Sekonnen) sécheren. Op déi drëtte Plaz fiert den Éisträicher Marco Schwarz.
Bei den Dammen huet d’Italienerin Ferica Brigone aus Italien de Super G zu Val d‘Isère a Frankräich gewonnen. Op déi zweete Plaz fiert mat engem Réckstand vun 0.44 Sekonnen d’Norwegerin Kajsa Vickhoff. Déi drëtte Plaz war fir d’Sofia Goggia (+0.59 Sekonnen), och aus Italien.
Am Biathlon gouf et bei den Dammen en Triplé fir d’Justine Braisaz-Bouchet aus Frankräich. Beim Massestart um Sonndeg de Metteg war déi 27- jonk d’Biathletin um Schéissstand ouni Feeler a gewënnt domat virun den Öberg-Schwësteren Elvira an Hanna. Et war déi drëtt Eenzelcourse zu Lenzerheide déi d’Justine Braisaz-Bouchet fir sech entscheede konnt.
Bei den Hären hunn d’Norweger de Massestart dominéiert. No 15 Kilometer ka sech de Johannen Thingnes Boe trotz 2 Schéissfeeler d’Victoire sécheren. Et ass déi drëtte Kéier an dëser Saison dass de Johannes Thingnes Boe ganz uewen um Podium steet. Den Tarjei Boe huet beim leschte Schéissen a Féierung säi leschte Schoss dolaanscht gesat, an esou d’Victoire aus der Hand ginn. Hie klasséiert sech um Enn op der 3. Plaz, hannert sengem Landsmann Dale-Skjevdal. Op déi 4. Plaz fiert de Schwed Martin Ponsiluoma.
De Stefan Kraft huet Generalprouw virun der Véier-Schanzen-Tournée zu Engelberg an der Schwäiz gewonnen. Den Äsiträicher ka sech viru sengem Landsmann Jan Hörl an dem Däitsche Pius Paschke duerchsetzen.