WantersportMarco Odermatt feiert 1. Succès an der Descente

RTL Lëtzebuerg
Am Schi Alpin waren d'Hären en Donneschdeg zu Wengen an der Schwäiz gefuerdert.
© AFP

Bei der éischter vun zwou Descenten am Schi Alpin, op der legendärer Lauberhorn Abfahrt zu Wengen an der Schwäiz, gouf et e Succès fir de Marco Odermatt. Fir de Schwäizer, deen den Ament de Weltcup dominéiert, ass d’Victoire eng Première. Nach ni war et him a senger Karriär gelongen, fir am Weltcup eng Descente ze gewannen.

Nieft dem Schwäizer stoungen och nach de Fransous Cyprien Sarrazin (+0,58 Sekonnen) an den Norweger Aleksander Aamodt Kilde (+0,81 Sekonnen) um Podium.

Biathlon

Am Biathlon gouf et an der Staffel bei den Hären zu Ruhpolding an Däitschland e Succès fir Norwegen virun Däitschland (+45 Sekonnen) an Italien (+58 Sekonnen) op der 3. Plaz.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO