
De 45 Joer ale gebiertege Leipziger huet e Kontrakt bis 2024 mam RB Leipzig ënnerschriwwen, wéi de Club en Donneschdeg matdeelt. E Samschdeg start de Marco Rose dann direkt mat engem Spill géint säi fréiere Club Borussia Dortmund.
Co-Trainere ginn déi fréier Profi-Futtballer Alexander Zickler, Frank Geideck a Marco Kurth.
Um 10 Auer gëtt de Marco Rose offiziell an enger Pressekonferenz virgestallt.