BiathlonMarketa Davidova gewënnt iwwer 15 km

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems ka sech bei den Hären den Norweger Sturla Holm Laegreid souverän virum Tarjej Bö an dem Simon Desthieux duerchsetzen.
© AFP

De Wanter steet virun der Dier, an esou ass et dann och dëse Weekend den Optakt vum Biathlon Weltcup gewiescht. An Östersund a Schweden huet bei den Damme Marketa Davidova mat 20 Treffer um Schéissstand eng souverän Victoire agefuer. Lisa Therea Hauser aus Éisträich fiert mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 17 Sekonnen als Zweet iwwert de wäisse Stréch, 6 Sekonne virum Denise Herrmann aus Däitschland.

Bei den Hären ass et iwwer 20 km gaangen. Hei konnt sech de Norweger Sturla Holm Laegreid déi 1. Victoire an der Weltcup-Saison sécheren. Hien hat am Zil e Virsprong vu knapps 1. Minutt op den Tarjej Bö. Knapp hannendrun Klasséiert sech de Fransous Simon Desthieux.

Back to Top
CIM LOGO