An der éischter Partie vum Dag huet sech d’Martina Hingis aus der Schwäiz souverän an 2 Sätz mat 7:6 a 6:2 géint d’Kiki Bertens aus Holland duerchgesat.
An der zweeter Partie stounge sech d’Jelena Jankovic aus Serbien an d’Daniela Hantuchova aus der Slowakei géintiwwer. Dëse Match sollt net ganz laang daueren, well sech d’Jankovic beim Stand vun 2:3 am éischte Saz blesséiert huet an net méi konnt weiderspillen. Domadder kritt d’Martina Hingis et e Samschdeg an der Halleffinall mam Daniela Hantuchova ze sinn.
En Donneschdeg hate sech schonn d’Kim Clijsters aus der Belsch an d’Agnieszka Radwanska aus Polen fir d’Halleffinalle qualifizéiert.