Déi fréier Nummer 1 vun der Welt huet deels mat héichklassegem Tennis iwwerzeegt a steet domat an der Halleffinall vum Luxembourg Ladies Tennis Masters.
Dono war nach déi zweet Véierelsfinall tëscht dem Julia Görges aus Däitschland an dem Agnieszka Radwanska aus Polen. Hei konnt sech d’Polin duerchsetzen a steet domat an der Halleffinall.