Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMarvin Martins a Mathias Olesen an der Conference League

RTL Lëtzebuerg
Austria Wien hat d'Chance nach op d'Gruppephas an der Europa League, ma huet déi verpasst.

Freideg

E Freideg huet Eintracht Tréier op hirer veräinsinterner Websäit den Transfert vum Lëtzebuerger Nationalspiller Michael Omosanya annoncéiert. De Lëtzebuerger Stiermer, deen an dëser BGL Ligue Saison an dräi Matcher bis ewell ee Gol markéiere konnt, huet e Kontrakt bis zum 30. Juni 2023 zu Tréier ënnerschriwwen.

Donneschdeg

Austria Wien muss sech mat der Conference League zefridde ginn. Marvin Martins a Co hunn no der 0:2-Néierlag am Allersmatch géint Fenerbahce Istanbul och de Retourmatch géint de Veräin aus der Tierkei verluer an dat mat 1:4. Domadder verpasst een d’Gruppephas vun der Europa League an et spillt ee vum September un an der Gruppephas vun der Conference League. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung en Donneschdeg an der Startformatioun, hat kuerz virun der Paus den 1:2 geschoss a gouf an der Paus ausgewiesselt.

An der Gruppephas vun der Conference League spillt och Köln mam Mathias Olesen. Mat enger 3:0-Victoire an Ungarn géint Fehervar konnten déi Kölner d'1:2-Néierlag ass dem Allersmatch nees gutt maachen. Den Olesen gouf an der 54. Minutt agewiesselt.

Nodeems ZSKA Moskau mam Enes Mahmutovic nach den Allersmatch vum Conference-League-Playoff géint Basel mat 1:0 fir sech entscheede konnt, gouf et an der Schwäiz eng 0:2-Néierlag an domadder ass een eliminéiert ginn. De Lëtzebuerger souz de ganze Match op der Bänk.

Eliminéiert gouf och AIK mam Vincent Thill. Nom 0:1 am Allersmatch géint FC Slovacko huet een de Retourmatch mat 0:3 verluer. De Vincent Thill war op Grond vun Uefa-Regularien net spillberechtegt.

Dënschdeg

Mat engem 5:3 no Eelefmetere ka sech de Premier-League-Veräin AFC Bournemouth am Carabao Cup géint Norwich City aus der Championship duerchsetzen.

Dobäi sinn d’Canaries vun Norwich en Dënschdegowend schonn an der 22. Minutt duerch den Hugill a Féierung gaangen, ier datt de Marcondes an der 43. Minutt fir d’Cherries vu Bournemouth ausgläiche konnt. An der 83. Minutt hätt ee gemengt, datt Norwich eng Ronn weiderkomme géif. Dëst nodeems den Idah den 2:1 markéiere konnt. Mä de Brooklyn Genesini konnt an der 92. Minutt nach ausgläichen.

Am Eelefmeterschéisse sollt dunn de Cantwell säi Penalty verschéissen, soudatt de Veräi vum Lëtzebuerger Danel Sinani schonn am zweeten Tour vum Carabao Cup eliminéiert gëtt.

Den Danel Sinani souz de ganze Match iwwer op der Bänk.

Back to Top
CIM LOGO