Futtballerin Jessica Becker am Interview"Mat 9 Joer hunn ech scho mam A-Kader vun der Nationalekipp trainéiert"

Pierre Weimerskirch
Zanter en Donneschdeg ass déi 9. Futtball-WM vun den Dammen amgaangen.

Fir d’Futtballerin Jessica Becker e wichtege Rendez-vous fir hire Sport méi an d’Vitrinn ze stellen.

E Liewe fir de Futtball

Schonn 2009 ënnert dem Trainer-Duo Romain Jean a Pia Juchem huet d’Fra vun haut 23 Joer mam A-Kader vun der Nationalekipp trainéiert. Zu deem Ament sinn et nach keng Nowuess-Nationalkadere ginn.

“Deemools war ech 9 Joer, do ware nach vill méi al Spillerinnen. Dat war net einfach, well ech do nach an der Primärschoul war. Ech hat gefrot, fir meng Aufgaben an der Mëttesstonn kënnen ze schreiwen. Dann de Wee bis op Monnerech.”

No e puer Méint ass et der Nowuessspillerin ze vill ginn. E puer Joer méi spéit ass si nees zréck an d’Nationalekipp komm, deemools huet si fir d’U15 gespillt. Fir d’Première am Joer 2019 huet d’Jessica Becker nees eng kleng Paus ageluecht, du koum Corona.

No der Pandemie gouf den Dan Santos neien Trainer vun der Nationalekipp vun de Fraen. D’Jessica Becker huet sech hir Plaz nees zréckerkämpft, zanter Abrëll 2021 ass si nees am Kader.

Vun der WM profitéieren, fir jonk Fraen a Meedercher fir de Futtball ze begeeschteren

Déi Matcher, déi si kucke kann, wäert si virun der Tëlee sëtzen. Perséinlech si virun allem d’Matcher vun den Däitsche rout am Kalenner ugestrach.

“Mir sinn am Wandel, et gëtt méi iwwert den Dammefussball geschwat, et gëtt méi gewisen. Ech hoffen, dass mer dann iergendwann och um Punkt sinn, dass et selbstverständlech ass, dass d’Matcher vun de Frae gewise ginn.”

Et wier immens wichteg, dass de Fraefussball elo méi an de Medien ass. Et wier allerdéngs laang net kloer gewiescht, ob d’Matcher iwwerhaapt hätte kënnen am Free-TV iwwerdroe ginn. Fir d’Lëtzebuergerin wier et onverständlech a scho bal traureg, dass déi Diskussiounen iwwerhaapt gefouert goufen.

“Den Highlight vum Dag war et no der Schoul d’Futtballschong unzedoen”

Hir Tatta huet d’Wuermer Dammenekipp mat opgebaut, dofir wier et och relativ kloer gewiescht, dass och d’Jessica géif zu Wuermer am Veräin spillen, als Maacher Meedche géif ee sech do ganz wuel spieren.

“Mäi Brudder huet Fussball gespillt, méi Papp, dee war ëmmer Trainer. Déi ganz Famill war Fussball verréckt, meng Mamm huet och ëmmer gehollef. Et war esou, dass ech deemools mat deenen aus der Spillschoul op den éischten Training gaange sinn, dat heescht am Alter vu 4-5 Joer an et huet mer esou gutt gefall, esou dass ech ni eppes anescht gemaach hunn. Fussball ass elo säit 18 Joer en Haaptdeel vu mengem Liewen.”

Den Highlight vum Dag wier et ëmmer gewiescht no der Schoul, d’Futtballschong unzedoen an trainéieren ze goen: “Et ass ni eppes anescht ginn, wat ech probéiert hunn, ech bereien et och net a sinn dankbar dofir. Mam Fussball hunn ech vill erlieft a wäert dat och nach an Zukunft.”

D’Frae kënne Fussball spillen, et muss een nëmmen op d’Matcher kucke goen

“Ech selwer sinn der Meenung, dass d’Leit einfach emol Dammematcher kucke ginn a sech selwer dovun e Bild maachen. A net nëmmen d’Resultat um Radio héieren, ouni selwer op der Plaz gewiescht ze sinn.”

Futtballeresch géif sech den Ament vill doen, et géif ee sech permanent wiederentwéckelen. Am Ausland gesäit een, dass ëmmer méi Leit an d’Stadie ginn. Déi lescht Europameeschterschaft hätt een dat scho gesinn an och elo scho bei der Weltmeeschterschaft wieren dausende Leit an de Stadie gewiescht. En Donneschdeg hunn d’Neiséilännerinnen hiren Optaktmatch virun 42.000 1:0 géint Norwegen gewonnen.

© AFP

“Ech sinn optimistesch, dass och d’Lëtzebuerger Fraen iergendwann op enger WM matspillen. Och wann ech mer dat fir mech selwer net ka virstellen. Den Nowuess ass immens, do spille scho vill Jonker am Ausland.”

Déi Entwécklung géif een optimistesch stëmmen, futtballeresch géif een am Ausland vill mat op de Wee kréien a wat méi Spillerinnen am Ausland aktiv sinn, wat d’Qualitéit an der Nationalekipp géif klammen. Och d’Resultat vun der éischter WM-Quali, déi d’Léiwinne gespillt hunn, géif weisen, datt ee sech net misst verstoppen an um richtege Wee wier.

Op d’Fro, wien an Australien an Neiséiland Weltmeeschter gëtt, gouf et eng kloer Äntwert: “Schlussendlech wäerten d’USA nees gewannen.”

Back to Top
CIM LOGO