D’Jaroslawa Mahutschich huet 22 Joer an huet elo scho quasi alles am Héichsprong gewonnen, wat ee ka gewannen. Eng olympesch Goldmedail hätt nach gefeelt, sot d’Sportlerin am RTL-Interview: “I’m so happy that I finally received this gold medal.”
Si wier esou houfreg kënnen zu Paräis ze sinn an hiert Land ze vertrieden, esou d’Héichspréngerin: “An ech denken ech vertriede méi Land gutt.”
An hirer Heemescht ass Krich. Si kënnt aus Dnipro, enger vun de gréisste Stied an der Ukrain - eng Groussstad déi no un der Frontlinn läit. Nieft dem Sport ass et der Athletin wichteg, e Message vu Fridden ze verbreeden.
Zanter der Victoire am Héichsprong um Sonndegowend gëtt si permanent Interviewen. Virun allem fir ukrainesch Medien. Ma och déi international Press wënscht sech de Weltstar virun de Mikro. Och fir déi kleng Lëtzebuerger Tëlee huet si sech Zäit geholl.

Vill geschlof hätt se nach net, mee elo wou se d’Goldmedail an der Täsch huet, hätt se hiert Zil erreecht. Lëtzebuerg kennt d’Jaroslawa Mahutschich, si wier schonn emol fir e Meeting do gewiescht, et wier viru fënnef, sechs Joer gewiescht: “It was really cool.”
