
E Sonndegowend gouf de Match tëschent Nice a Marseille ofgebrach, nodeems 15 Minutte viru Schluss den Dimitri Payet vun enger Fläsch getraff gouf, déi vun den Zuschauer op den Terrain geheit gouf. Nodeems de fréiere franséischen Nationalspiller d’Fläsch dunn zeréck an de Block vun de Spectateure geheit huet, hu verschidde Supporter vun Nice den Terrain gestiermt an et ass zu Kläppereien tëschent Spiller a Supporter komm.
No dësen Ausernanersetzungen huet Marseille decidéiert, de Match net méi weider ze spillen. “Mir hunn zur Sécherheet vun eise Spiller, déi bei der Kläpperei verletzt goufen, decidéiert de Match net méi weider ze spillen. D’Sécherheet war net méi garantéiert”, sot de President vu Marseille Pablo Longoria op Twitter.
Net nëmmen d’Spiller, mee och d’Presidente vu béide Veräiner sinn an hirer Loge unenee geroden. Si hu misse vu Leit vun der Securitéit getrennt ginn. Zum Zäitpunkt, wou de Match ofgebrach gouf, stoung et 1:0 fir Nice.