Ukrainesch Premjer-LihaMatch tëscht dem FC Ruch Lviv a Metalist Charkiw dauert 4 Stonnen

RTL Lëtzebuerg
Zënter en Dënschdeg gëtt nees an der éischter ukrainescher Liga Futtball gespillt. Allerdéngs gëtt och dës vum russeschen Ugrëffskrich beaflosst.

De Match, deen e Mëttwoch zu Lviv um 14 Auer ugepaff gouf, ass wuel anescht verlaf, wéi geplangt. De Match huet nämlech dräi Mol missen ënnerbrach ginn. Dëst well de Bommenalarm an der Stad ausgeléist gi war. D’Spiller hunn doropshin ëmmer missen an d’Vestiairë goen a waarden, bis datt den Alarm eriwwer war.

De Match gouf dowéinst eréischt um 18.27 Auer ofgepaff. Domadder huet de Match ganzer 4 Stonnen a 27 Minutte gedauert. Zuschauer gouf et iwwerdeems keng, well een net riskéiere wollt, datt se bei engem russeschen Ugrëff aus der Loft blesséiert ginn. De Match konnt Metalist Charkiw iwwregens mat 2:1 fir sech entscheeden.

Lviv ass an deene leschte Wochen dacks d’Zil vu Loftugrëff gewiescht, déi vill Doudesaffer gefuerdert hunn. Dowéinst ass een e Mëttwoch och op Nummer sécher gaangen an et huet een de Match direkt beim Alarm ënnerbrach.

Back to Top
CIM LOGO