RTL-InformatiounenMathias Olesen kritt e Profi-Kontrakt beim 1. FC Köln

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg wäert e weidere Profi an der 1. däitscher Bundesliga kréien.
© Instagram

RTL-Informatiounen no wäert den 20 Joer ale Mathias Olesen e Kontrakt vun 3 an hallwem Joer beim 1. FC Köln ënnerschreiwen. Den FLF-Nationalspiller, dee virun allem nach bei der Jugend vum EffZeh spillt, war an de leschte Woche scho beim Training vun der 1. Ekipp dobäi an souz och schonn zweemol, géint Augsburg a géint Hertha BSC Berlin, an der 1. Bundesliga op der Bänk. D‘Lëtzebuerger Nowuesstalent schéngt seng Chance ënnert dem Trainer Steffen Baumgart jiddwerfalls genotzt ze hunn, sou datt déi Responsabel vum Tabellenaachten de Mëttelfeldspiller, deen och an der Zentralverdeedegung kann agesat ginn, lo mol fir déi nächst Joren u sech wëll bannen.

Back to Top
CIM LOGO